Et war eng geckeg Course zu Melbourne, déi vun de Wiederkonditioune gepräägt war. Sou koum och en onerwaarte Podium zustanen.

De Lando Norris gewënnt eng spektakulär éischt Course vun der F1-Saison 2025. De Max Verstappen ass no 1029 Deeg net méi de Leader am Klassement a muss sech mat der zweeter Plaz zefridde ginn. De Podium gouf vum George Russell komplettéiert.

De Rookie Kimi Antonelli kritt direkt seng éischt Punkten. Wären der Course hat de jonke Pilot eng 5-Sekonne-Strof kritt a war hannert den Alexander Albon op Williams op déi fënneft Plaz zeréckgefall. Ma e Sonndeg am spéide Moien huet d'FIA matgedeelt, datt dem Antonelli seng 5-Sekonne-Strof opgehuewe gëtt, an datt de Mercedes-Pilot domat 4. am definitive Klassement vun der Course gëtt.

D'Ecurie Sauber kritt direkt an der éischter Course och déi éischt Punkten: den Nico Hülkenberg koum op Plaz 7. Plazen 8, 9 an 10 ware fir de Charles Leclerc, den Oscar Piastri an de Lewis Hamilton.

Den Isaac Hadjar muss op seng éischt Course waarden. Hien huet säin Auto beim Erausfueren an d'Startopstellung an d'Mauer gesat an den Auto sou beschiedegt, dass hien net un den Depart goe konnt.

D'éischt Course vun der Saison gouf wéinst dem ville Waasser um Circuit 15 Minutte méi spéit gestart. Am éischten Tour war scho vill lass. Mam Jack Doohan huet e weidere Rookie no e puer Kéieren den Auto mussen ofstellen. Duerch seng Sortie koum de Safety Car zu sengem éischten Asaz. Mee och de Routinier Carlos Sainz huet sech um naasse Circuit an d'Leitplank gedréint, woumat d'Course fir de Spuenier eriwwer war. De Bernd Mayländer duerft d'Course duerno 6 Tier uféieren.

Nom Relancement vun der Course hu sech béid McLaren an de Verstappen kloer vum Feld ofgesat a sinn hir eege Course gefuer. An der 18. Ronn huet de Weltmeeschter e klenge Feeler agebaut, sou dass de Piastri seng zweet Plaz, déi hien um Start verluer hat, zeréckeruerwere konnt. Uschléissend konnte sech d'Papaya-Autoe bis op 16 Sekonne vum Verstappen distanzéieren.

An der 33. Ronn koum de Safety Car no der Sortie vum Fernando Alonso eng zweet Kéier an den Asaz, wat en Impakt op d'Course sollt hunn. Vill Ecurien hunn dovu profitéiert a sinn opgrond vun de bessere Konditiounen op Slicks gewiesselt, wat sech méi spéit räche sollt. De Reen iwwer Melbourne koum nämlech zeréck an huet de Verlaf vun der Course op d'Kopp geheit.

Um Enn vun der 44. Ronn hate béid McLaren eng Sortie an der drëttleschter Kéier, wat si vill Zäit kascht huet. Béid sinn direkt un d'Box gefuer, fir nees op Intermediates ze wiesselen. De Max Verstappen konnt kuerzzäiteg de Lead vun der Course iwwerhuelen, huet awer och séier d'Pneue musse wiesselen a sech hannert dem Norris areien.

Wéinst de ville Sortien zu dësem Zäitpunkt duerft de Bernd Mayländer eng drëtt Kéier d'Fuerer hannert sech versammelen a blouf 8 Ronnen dobaussen. Nom drëtte Restart huet de Verstappen alles probéiert, fir nach laanscht den Norris ze kommen, dat sollt him an den aacht verbleiwende Ronnen awer net méi geléngen.

Véier vun de sechs Rookië (Lawson, Bortoleto, Doohan, Hadjar) goufen Affer vun de Wiederkonditiounen a sinn d'Course net op en Enn gefuer respektiv guer net gestart.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 LOUIS VUITTON AUSTRALIAN GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025