No dem Grousse Präis vum Australien hu mir mam Dominique Riefstahl gekuckt, wat ee schonn aus dësem Renne konnt erausliesen.

Beim Grousse Präis vun Australien sinn d'Formel-1-Supporter fir déi éischt Course vun der Saison jo voll op hir Käschte komm. Reen, Crash, Chaos an um Enn gouf et eng Victoire vum Lando Norris op McLaren. Nom éischte Grand Prix vum Joer huet een awer nach kee komplett Bild vun de Kräfteverhältnisser, seet den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:

Extrait Dominique Riefstahl

Wat een um Quali konnt gesinn, war, dass d'McLaren eng kloer dominant Kraaft ass. Red Bull ass am Quali-Modus no drun. Ferrari an Mercedes reie sech u sech direkt hanner den éischten Zwee an, d'Williams an d'Racing Bulls kämpfen ëm den Titel vu Best of the Rest. Mä wat mer net gesinn hunn, ass d'Race Pace an d' Degradatioun am dréchnen. E Freiden hat sech ugedeit, dass verschidden Ecurien d‘Pneue besser oder manner gutt am Grëff hunn. Dëst konnten de Sonnden natierlech am Reen net confirméiert ginn. Den Change of Climatics an d‘Saachen, déi een do däerf änneren, kann d'Bild nämlech verbesseren oder verschlëmmeren. Bei Red Bull huet een zum Beispill gutt gesinn, dass de Warm-up gutt war, d'Degradatioun méi héich wéi bei McLaren. Mä dëst kann duerchaus eng Konsequenz si vun den Entscheedungen, déi getraff gi si wéinst dem Reen-Setup an net eng Charakteristik vum Auto.
 
Et geet an der Formel 1 schonn direkt weider mam Grousse Präis vu China. Vun e Freideg u steet an der Kinneksklass vum Automobilsport e Sprint-Weekend um Programm. Op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee an online op rtlplay kënnt dir nees Live mat dobäi sinn.