Et bleift fréi fir déi europäesch F-1-Fans, wann d'Kinneksklass vum Automobilsport dëse Weekend zu Shanghai un den Depart geet.

Virschau GP China / Reportage Franky Hippert

D'Formel-1-Saison fänkt mat "cent à l'heure" un. No der "Reen-Crash-Chaos-Course" an der Victoire vum Lando Norris op McLaren beim Grousse Präis vun Australien zu Melbourne, ass d'Kinneksklass vum Automobilsport lo zu Shanghai. Fir eis hei an Europa ginn et nees Fréibiren an de Grousse Präis vu China ass och e Sprint-Weekend.
 
Dat heescht vun e Freideg mat der Sprint-Qualifikatioun bis e Sonndeg mam Grand Prix ass Action vun der éischter bis déi lescht Sekonn op der Streck. De leschte Weekend hunn d'Wiederprevisiounen nach Reen zu Shanghai virausgesot. Dat huet awer elo am Laf vun der Woch geännert. Tëscht 23 an 27 Grad mat Sonn sinn annoncéiert. Shanghai ass en atypesche Circuit, seet den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl, bei deem vill méi Belaaschtung op d'viischt Achs kënnt
 
Doduerch glänzen heiansdo Ecurien, déi de Rescht vum Joer net onbedéngt déi beschte Pace weisen, duerch besser Performancen. A Shanghai ass en Circuit, dee vun der Race Pace dominéiert ass. Déi ass vill méi wichteg wéi d'Qualifying Pace. Et kann ee relativ gutt iwwerhuelen an en héije Safety Car Risiko, historesch gesinn, suergt dofir, dass d' Feld ëmmer erëm zesumme geknautscht gëtt an dass erëm nei Zenarien sech entwéckelen an nei Iwwerhuelméiglechkeeten entstinn. 
 
De leschte Weekend hate mer fir den Optakt vun der Saison, d'Reen-Crash-Chaos-Course" an Australien. Zu Melbourne kruten déi meescht Rookien, also d'Piloten, déi hir éischt Saison fueren, gewisen, datt e Formel-1-Auto nach emol eppes aneschtes ass wéi zum Beispill e Formel 2:
 
Ech denken, si si sech elo der Enormitéit vun hirer Léieraarbecht vill méi bewosst ginn, si hu sécher gesinn, wéi vill méi um Limitt e Formel-1-Auto ass, doduerch dass esou vill Leeschtung ënnert dem Gasfouss hänkt an awer duerch de Verloscht un aerodynamesche Kräfte beim vill méi luese Fueren am Reen, dee se séier säin Danzpartner verluer huet. 
 
Nom Grand Prix ass virum Grand Prix...am Fall vun engem sougenannten double-header, also d'Courssen op zwee Weekender direkt hannerteneen, geet et direkt no der Arrivée weider:
 
Wat geschitt tëscht Melbourne an Shanghai? Jo, fir d'Mecanicien ass et einfach zu Melbourne alles esou séier wéi méiglech apaken an Container an an de Fliger setzen, dann eriwwer fléien op Shanghai, fir do rëm alles auszepaken, d'Autoen eng Kéier ze dréchnen, vu dass déi relativ naass agepaakt gi sinn e Sonnden den Owend, an da kucken, esou séier wéi méiglech den Auto frësch ze maachen, fir déi nächste Course. 
 
Fir d'Ingenieuren geet d'Aarbecht och direkt weider, se gesäit just e bëssen anescht aus:
 
Nämlech duerch déi ganz Donnéeë vu Melbourne duerchgoen, do d'Lektiounen zéien, kucken, wat ass elo streckespezifesch, wat ass reespezifesch gewiescht a wat sinn effektiv Saachen, déi ee kann als Konklusioune wierklech zéien, déi och applizéierbar sinn, um Dréchnen. Deen deen dat am beschte kann assimiléieren, huet do déi besser Kaarten an der Hand, fir dann zu Shanghai direkt kënnen de beschtméigleche Setup op d'Been ze stellen.
 
Zejoert war de Max Verstappen op Red Bull souwuel an der Qualifikatioun wéi och an der Course dee Séiersten. Ob de véierfache Weltmeeschter awer dëst Joer de Lando Norris, deen 2024 Zweete gouf, hannert sech ka loossen, wësse mer dann e Sonndeg am Laf vum Moien.
 
An Dir kënnt d'Formel 1 nees Live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee, an online op RTLPlaysuivéieren.