Den Jordan hat bis 2005 seng eege Formel-1-Ecurie. Ënnert anerem ass de Michael Schumacher säin alleréischte Grand-Prix fir Jordan gefuer.

Am Dezember 2024 hat den Eddie Jordan ëffentlech gemaach, dass hien un enger aggressiver Form vu Prostate- a Blosekriibs leide géif. Elo huet seng Famill bekannt ginn, dass de fréiere F1-Teamchef um Donneschdegmoien am Alter vun 76 Joer gestuerwen ass:  "Hien ass friddlech un der Säit vu senger Famill zu Cape Town an de fréie Moiesstonne vum 20. Mäerz gestuerwen".

Den Eddie Jordan hat wärend 15 Joer seng eege Formel-1-Ecurie, déi bei 250 Grousse Präisser un den Depart goung. Hie war virun allem an den 90er Joren ee vun de grousse Sympathieträger an der Formel 1. Hie war bekannt fir säi labbert Mondwierk an huet och net gezéckt, sech mat senger éierlecher Meenung onbeléift ze maachen. Hien hat hannert de Kulissen de Ruff ee gewiefte a knallhaarde Geschäftsmann ze sinn. Jordan Grand-Prix ass 1991 vun der Formel 3000 (déi deemoleg F2) an d’Formel 1 gewiesselt. Déi erfollegräichsten Zäit war Enn vun den 90er Joren, wou den Damon Hill, den Heinz-Harald Frentzen an den Giancarlo Fisichella zesumme véier Grouss Präisser fir Jordan gewanne konnten. 1999 konnt Jordan sech déi drëtte Plaz an der Constructeures-WM sécheren. Donieft stinn zwou Pole-Positiounen a 15 weider Podiumsplacéierungen am Jordan-Palmares. Ufank vun den 2000er Jore, wou grouss Autosconstructeure mat eegenen Teams an d’Formel 1 koumen, hunn déi finanziell Problemer fir Jordan ugefaangen. 2005 huet den Eddie Jordan seng Ecurie du verkaaft. An de Joren duerno hunn d’Besëtzer an d’Nimm vum "Team Silverstone"» ëmmer erëm gewiesselt. Haut ass d’Ecurie als "Aston Martin" bekannt. 
 
Och wann dee ganz groussen Duerchbroch ausbliwwen ass, huet Jordan bis haut seng fest Plaz an de Geschichtsbicher vun der Formel 1. Dat huet ënnert anerem mam Grousse Präis vun der Belsch 1991 ze dinn. Den Jordan-Stammpilot Gachot souz wéinst enger Ausernanersetzung mat engem Taxischauffer an engem englesche Prisong, an den Eddie Jordan huet dréngend en Ersatzpilot gebraucht. Schonn deemools wieren dem Teamchef d’Mënz méi wichteg gewiescht wéi d’Talent oder d’Erfarung. Um Enn souz ee jonken däitsche Pilot zu Spa am Jordan-Cockpit: Et war de Michael Schumacher, deen a senger alleréischter F1-Qualifikatioun sensationell op déi 7. Plaz gefuer ass. An der Course koum de Michael Schumacher zwar wéinst technesche Problemer nëmmen en hallwen Tour wäit, mee duerno huet Benetton sech fir den däitschen Nowuespilot interesséiert. Den Eddie Jordan huet zwar ee Réidiamant verluer, mee d’Jordan-Saison wier nom Schumacher-Transfer finanziell ofgeséchert gewiescht.
 
No senger Zäit als Formel-1-Teamchef blouf den Eddie Jordan als TV-Expert a Beroder dem F1-Paddock erhalen. Esou war hie beispillsweis Manager vum Stardesigner Adrian Newey, an huet deem säi Transfert vu Red Bull bei Aston Martin verhandelt. Donieft war den Eddie Jordan fir säi Podcast "Formula For Success” zesumme mam Ex-Pilot David Coulthard bekannt. Déi lescht Episoden ronderëm de Saisonsoptakt 2025 huet den Eddie Jordan awer schonn aus gesondheetleche Grënn verpasst.