Hamilton op Pole Position viru Verstappen a Piastri

© Greg Baker / AFP
Um éischte Sprint-Weekend vun der Saison war et zu Shanghai de Lewis Hamilton (Ferrari), deen am Qualifying déi séierst Zäit gefuer ass.
De Ferrari-Pilot konnt d'Konkurrenz iwwerraschend hannert sech loossen. Am Fräien Training hat McLaren dominéiert, ma am Sprint-Qualifying konnte si hir Pace awer net confirméieren. De Max Verstappen konnt säi Red Bull op Plaz 2 setzen, virum Oscar Piastri um McLaren.
Verlaf vum Sprint-Qualifying
Bei 24 Grad Lofttemperatur sinn all d'Teams am SQ1 mat de Medium-Pneue gestart. Wärend 12 Minutten haten d'Piloten Zäit hir Beschtzäit ze fueren.
Am Virfeld gouf et just ee Fräien Training, wouduerch virun allem d'Rookies am Nodeel waren, well se net vill Zäit haten d'Streck kennenzeléieren an den Auto anzestellen. Allerdéngs hu si sech nawell gutt aus der Affär gezunn, well et war just den Jack Doohan, deen de Sprong an den SQ2 net gepackt huet.
Grouss Enttäuschung am SQ1 war kloer de Liam Lawson, deen um Redbull carrement de Leschte ginn ass. En hat mat iwwerhëtzte Pneuen ze kämpfen. Beschtzäit war iwwerdeems de Lewis Hamilton op Ferrari gefuer.
Eliminéiert goufen:
Jack Doohan (Alpine)
Pierre Gasly (Alpine)
Esteban Ocon (Haas)
Nico Hülkenberg (Sauber)
Liam Lawson (Red Bull)
Am SQ2 haten d'Piloten 10 Minutten Zäit. Bis de leschte Moment hunn déi zwee Mercedes-Pilote musse kämpfe fir weiderzekommen, wat hinnen dann och gelongen ass. De Russell ass bis op Plaz 2 no vir gefuer, den Antonelli bis op Plaz 5. Just den Norris um McLaren war méi séier wéi de Russell.
Eliminéiert goufen:
Fernando Alonso (Aston Martin)
Oliver Bearman (Haas)
Carlos Sainz (Williams)
Gabriel Bortoleto (Sauber)
Isack Hadjar (Racing Bulls)
Am SQ3 sinn d'Autoen op Soft-Slicks erausgeschéckt ginn, deemno der mëllster Pneuemëschung. Déi zwee McLaren-Pilote Piastri an Norris hunn déi éischt Zäite gesat an et war de Piastri, deen do d'Nues virhat, dat och dank Wandschied vum Leclerc am Ferrari. De Russell konnt sech tëscht déi zwee McLaren positionéieren. Dat war awer wéi gesot just den 1. Versuch an deem Quali.
Et war de Lewis Hamilton, deen dach e bëssen iwwerraschend d'Beschtzäit gefuer ass op sengem Ferrari. 18 Dausendstel hannendru kënnt de Max Verstappen um Red Bull, virum Oscar Piastri op McLaren.
De Lando Norris hat seng lescht Ronn ofgebrach, wouduerch deen nach op Plaz 6 zeréckgefall ass.
Top 10
1) Lewis Hamilton (Ferrari)
2) Max Verstappen (Red Bull)
3) Oscar Piastri (McLaren)
4) Charles Leclerc (Ferrari)
5) George Russell (Mercedes)
6) Lando Norris (McLaren)
7) Andrea Antonelli (Mercedes)
8) Yuki Tsunoda (Racing Bulls)
9) Alex Albon (Williams)
10) Lance Stroll (Aston Martin)
De Sprint kënnt Dir e Samschdeg vun 3.55 Auer un op RTL ZWEE oder op RTL Play suivéieren.