An der Formel 1 stoung e Samschdeg a China deen éischte Sprint vun der Saison um Programm.

Start-Zil-Victoire fir de Lewis Hamilton am Sprint vum Grousse Präis vu China. De Ferrari-Pilot huet d'100-Kilometer-Course souverän gewonnen an hat eng Avance vu knapp 7 Sekonnen op den Oscar Piastri. De McLaren-Pilot war vu Plaz 3 an de Sprint gaangen an hat fënnef Ronne viru Schluss de Weltmeeschter Max Verstappen op RedBull iwwerholl. Den Hollänner, deen zum Schluss mat de Pneuen ze kämpfen hat, huet mat engem Retard vu ronn 8 Sekonnen de Podium komplettéiert.

Fir de Lewis Hamilton ass et net nëmmen déi éischt Victoire fir Ferrari, ma hie steet och déi éischte Kéier bei engem Sprint ganz uewen um Podium. Fir Ferrari ass et och eng Première, fir am Sprint op P1 ze stoen.

RTL

© AFP

De Gewënner vun der éischter Course vun der Saison Lando Norris hat vu Plaz 6 aus kee gudde Start erwëscht an hat och duerno mat der Leeschtung vu sengem Auto ze kämpfen. De McLaren-Pilot ass um Enn net iwwer déi 8. Plaz erauskomm.

Am WM-Klassement läit den Norris nach knapp virum Verstappen.

Eng laang Paus gëtt et fir d'Piloten net. A China geet et Schlag op Schlag. E Samschdeg de Moie gëtt um 8 Auer Lëtzebuerger Zäit schonn de Qualifying vum Grousse Präis vu China gefuer. Vu 7.45 Auer u kënnt Dir op der Tëlee um RTL ZWEE an um RTL Play live mat dobäi sinn.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 HEINEKEN CHINESE GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025