D'Pole Position ass fir den Oscar Piastri

© GREG BAKER/AFP
De McLaren-Pilot war liicht méi séier wéi den George Russell op Mercedes. De Lando Norris gouf den Drëtten.
Nodeems de Lewis Hamilton méi fréi déi éischt Victoire am Sprint gefeiert hat, stoung fir d'Piloten um Samschdeg och nach de Qualifying fir de Grousse Präis vu China um Programm.
McLaren hat e staarke Qualifying an den Oscar Piastri huet sech d'Pole Position geséchert. Hannendrun huet sech den George Russell op Mercedes klasséiert. Den 2. McLaren-Pilot Lando Norris gouf den 3..
Nieft dem Norris fiert de Verstappen (Red Bull) op der 4. Plaz fort. D'Ferrari-Piloten Lewis Hamilton a Charles Leclerc koumen op d'Plaze 5 a 6.
E staarke Qualifying gouf et fir béi Racing Bulls-Piloten. Souwuel de Isack Hadjar wéi och de Yuki Tsunoda koumen an Top 10 an hu sech um Enn op de Plaze 7 a 9 klasséiert.
Am Q1 ware béid Alpine-Pilote Pierre Gasly an Jack Doohan ze lues a koumen net weider. Eng grouss Enttäuschung gouf et op en Neits fir de Liam Lawson op Red Bull. Hie gouf an der 1. Qualifikatiounsronn de Leschten. Den Out war et och fir den Oliver Bearman (Haas) an de Gabriel Bortoleto (Sauber).
De Lando Norris huet am Q2 seng Muskele spille gelooss a war dee Séierste virum Verstappen an dem Piastri. Fir de Fernando Alonso de Lance Stroll op Aston Martin an de Carlos Sainz (Williams) war dogéint Schluss. Och de Sauber-Pilot Nico Hülkenberg an den Esteban Ocon (Haas) haten et net ënnert déi 10 éischt Pilote gepackt.
De Q3 war ganz spannend a laang huet et ausgesi wéi wa Piastri a Norris géingen d'Plazen 1 an 2 ënnert sech ausmaachen. Am leschten Tour huet sech de Russell awer nach déi 2. Plaz geséchert. Fir de Piastri war et seng 1. Pole Position iwwerhaapt an der Formel 1.
De Grousse Präis vu China gëtt e Sonndeg de Moien um 8 Auer eiser Zäit gestart. Op RTL ZWEE an um RTL Play kënnt Dir vu 7.30 Auer u live mat dobäi sinn.