Victoire vum Oscar Piastri - Hamilton, Leclerc a Gasly disqualifizéiert
Beim Grousse Präis vu China ass et den Oscar Piastri, dee sech duerch eng feelerfräi Course kann déi 1. Plaz um Podium sécheren.
Beim Start konnt de Lando Norris sech no e puer Kéiere virun den George Russell op Plaz 2 no vir kämpfen. Den Oscar Piastri konnt seng Leaderpositioun verdeedegen, och wann e kee perfekte Start hat.

© AFP
De Lewis Hamilton konnt sech mat sengem Ferrari op Plaz 4 areien, virum Charles Leclerc, iwwerdeem de Max Verstappen um Red Bull op Plaz 6 zeréckgefall ass.
De Bortoleto ass vun der Streck opkomm, konnt awer weiderfueren.
An der 4. Ronn ass de Fernando Alonso immens lues ginn, well e keng Bremse méi hätt, esou d'Informatioun iwwer Funk. En ass dann och kuerz duerno an d'Box gefuer an huet säin Aston Martin ofgestallt.

© AFP
An der 7.-8. Ronn hunn éischt Pilote gemellt, dass d'Pneuen ufänke mat Graining, deemno dass d'Pneuen ufänken ze leiden.
De Charles Leclerc hat sech bei enger Beréierung an der Startphas de viischte Spoiler beschiedegt, wat awer keng visibel Auswierkungen op seng Pace hat. Hie konnt ouni gréisser Problemer um Hamilton dru bleiwen.
Ëm déi 11. an 12. Ronn sinn déi éischt Pilote fir e Pneuewiessel an d'Boxegaass komm.
An der 14. Ronn ware et un Hamilton a Verstappen, wouropshin dann och de Leader vun der Course Oscar Piastri an d'Box geruff ginn. Parallel huet de Russell iwwer Funk spekuléiert huet, dass et op eng 1-Stopp-Strategie wäert erauslafen. Beim Boxestopp vum Piastri huet een 3,8 Sekonne gebraucht, wouduerch en op Plaz 4 nees op d'Streck komm ass. Dem Norris säi Boxestopp war zwar mat 2,2 Sekonnen extrem séier, ma en ass awer hannert de Russell zeréckgefall.
An der 18. Ronn konnt den Norris de Russell awer op der Streck iwwerhuelen.
An der 19. Ronn huet Ferrari decidéiert, dass ee bei der nächster Geleeënheet de Leclerc virun den Hamilton géif loossen, dat well den Hamilton Problemer hat den Tempo matzegoen. An der 21. Ronn ass dat dunn och geschitt.
Den Albon ass déi Ronn dann och fir säin éischte Boxestopp erakomm, an d'Klassement un der Spëtzt war nees Piastri virun Norris a Russell, Leclerc op 4 an Hamilton op 5.
An der 31. Ronn ass dann och de Liam Lawson mam Red Bull an d'Box komm fir d'Pneuen ze wiesselen. En huet sech op der zweetleschter Plaz nees agereit.
An der 35. Ronn gouf et eng Warnung, dass et um Enn vun der Course kéint zu enger Reeschauer kéint kommen.
Den Hamilton koum an der 38. Ronn fir säin zweete Boxestopp eran, iwwerdeem bei aneren Ecurien driwwer spekuléiert gouf, ob ee mat enger 1-Stopp-Taktik duerch d'Course kéint kommen. Den Hamilton ass duerch dee Boxestopp dann och hannert de Verstappen op Plaz 6 zeréckgefall.
Eng gutt Course huet den Oliver Bearman bis dohinner geliwwert. E konnt sech bis an d'Punkten no vir kämpfen.
10 Ronne viru Schluss gouf d'Wiederprevisioun nach emol adaptéiert, dass et eventuell kéint déi lescht Ronn zu Reen iwwert der Streck kommen. Dozou ass et awer net komm.
De Yuki Tsunoda huet mussen un d'Box kommen, well säi viischte Spoiler futti gefuer ass, dat ouni dass et eng Beréierung mat engem Konkurrent komm ass. Doduerch ass hien onverschëlt op déi lescht Plaz zeréckgefall.

© AFP
8 Ronne viru Schluss huet den Norris sech iwwert eng laang Bremspedal beschwéiert. Déi koum wuel duerch d'Ofnotzung vun de Bremsen, esou säi Renningenieur. E gouf virgewarnt, dass dat bis d'Enn vun der Course wuel géif kontinuéierlech méi schlëmm ginn... e misst sech dru gewinnen, d'Pedall méi wäit mussen ze drécken, fir Bremsdrock opzebauen.
De Verstappen huet dann extrem Drock op de Leclerc ausgeüübt a konnt en dann och an der 53. Ronn iwwerhuelen, fir op Plaz 4 no vir ze kommen. De Leclerc wollt direkt konteren, wat him awer net gelongen ass.
Dem Norris säi Problem mat der Bremspedall ass iwwerdeem ëmmer méi grouss ginn. En huet dës fir seng Bremsmanövere musse bis op de Buedem drécken. Den Ofstand op de Piastri ass méi grouss ginn, an d'Avance op de Russell méi kleng.
Den Norris konnt sech in extremis nach op der 2. Plaz iwwert d'Zillinn retten, knapps virum Russell. Doublé deemno fir McLaren, mam Gewënner Oscar Piastri.
Plaz 4 ass fir de Verstappen, viru Leclerc, Hamilton, Ocon, Antonelli, Albon a Bearman. D'Team Haas ka sech deemno iwwert 2 Piloten an den Top 10 freeën.

© AFP
Schwaarzen Dag fir Ferrari
No der Course koum et nach zu enger Partie Disqualifikatiounen, an do huet et besonnesch Ferrari haart getraff. Dem Lewis Hamilton seng Plack um Ënnerbuedem hat net méi déi richtegt Déckt.
Beim Charles Leclerc war et d'Gewiicht, wat ënnert dem Minimum louch. D'selwecht Schicksal fir de Pierre Gasly (Alpine), deem säi Formel 1 och ze liicht war no der Arrivée.
Déi 3 Pilote goufen nodréiglech disqualifizéiert.