Yuki Tsunoda ersetzt Liam Lawson bei Red Bull

© Red Bull Content Pool
No deene leschte Performancë vu Liam Lawson huet d'Ecurie Red Bull decidéiert, de Yuki Tsunoda an den RB21 ze setzen.
De Liam Lawson ass just zwou Coursse fir d’Ecurie Red Bull gefuer, ier den Neiséilänner opgrond vu senge Leeschtungen degradéiert gëtt. Den 23 Joer jonke Pilot ass an der Qualifikatioun net iwwert eng 18. Plaz eraus komm. Déi beschte Placéierung an der Course war eng 12. Plaz.
Fir Suzuka klëmmt hien an den Auto vun der Schwëster-Ekipp Racing Bulls. Eng Promotioun kritt de Japaner Yuki Tsunoda.
Den Teamchef Christian Horner begrënnt d'Decisioun esou: "Et war schwiereg, de Liam am RB21 an deenen éischten zwou Courssen ze gesinn. Opgrond vun de Resultater hu mir Decisioun geholl, fir e fréie Wiessel ze maachen. Mir si mat zwou Ambitiounen an d'Saison 2025 gestart. Engersäits fir de Weltmeeschtertitel bei de Piloten ze behalen an den Titel vum Constructeur zréckzekréien. Dësen Tosch ass awer eng reng sportlech Entscheedung. Mir erkennen, datt et vill Aarbecht ass, mam RB21 eens ze ginn. Dem Yuki seng Erfarungswäerter hëllefen, den aktuellen Auto z'entwéckelen. Mir begréissen hien an der Ekipp a freeën eis, hien am Cockpit vum RB21 ze gesinn."
De Yuki Tsunoda krit also seng Chance, sech un der Säit vum Max Verstappen ze beweisen. De Choix, de Japaner am Ufank vun der Saison net an d’A-Ekipp ze integréieren, huet den Dr. Helmut Marko domat begrënnt, dass d’Ecurie beim Liam Lawson e gréissert Entwécklungspotenzial géif gesinn. De 24 Joer jonke Japaner, dee beim Grousse Präis vu Japan zu Suzuka net nëmme säin Heem Grand Prix mee och säin 90. Grand Prix fuere wäert, kann elo beweisen, dass dës Entscheedung eng Feelaschätzung war.

© Red Bull Content Pool
Den Teamchef vu Racing Bulls gratuléiert dem Tsunoda: "Mir sinn onheemlech houfreg, datt de Yuki seng Chance bei Red Bull kritt. Seng Fortschrëtter d'lescht Joer an déi am Ufank vun der Saison 2025, war méi wéi sensationell. Perséinlech, a kollektiv, et war en immense Privileeg, Zeie vun dëse Fortschrëtter ze sinn. De Yuki huet all Eck vun eise Fabricken zu Faenza an am Milton Keynes mat positiver Energie gefëllt. Mir wënschen him all vill Erfolleg."
Ob et e Kaddo ass, engersäits als Teamkolleeg vum Max Verstappen an den Auto ze klammen an op der anerer Säit e launeschen RB21 an de Grëff ze kréien, gesi mir dann an zwou Wochen.
De Grousse Präis vu Japan gëtt de 6. Abrëll gefuer a live op RTL iwwerdroen.