Wéi schléit sech de Yuki Tsunoda am Red Bull, McLaren-Favoritt zu Suzuka?

Suzuka ass den Optakt an dräi Formel-1-Weekender hannerteneen. Beim Grousse Präis vu Japan gëtt et awer och eng Premiere fir de Yuki Tsuonda.
De Lokalmatador fiert vun elo un am Red Bull als Equipier vum Weltmeeschter Max Verstappen. D'Favoritteroll dierft op der ganz beléifter Streck bei de Piloten, awer bei enger anerer Ecurie leien.
Zwou Coursse sinn an der Saison 2025 gefuer, zweemol stoung e McLaren-Pilot ganz uewen um Podium. Zu Melbourne an Australien war et de Lando Norris, zu Shanghai, beim grousse Präis vu China, war et d' Victoire fir den Oscar Piastri. Lo a Japan kéint och Papaya ganz vir ze gesi sinn, seet den RTL -Formel -1 -Expert Dominique Riefstahl:
"Si haten de beschten Auto an den éischten zwou Courssen. Allerdéngs hu souwuel Red Bull wéi Ferrari och Update-Packagen annoncéiert fir dëse Weekend. Mol kucken, wéi vill dovunner ukënnt. Ass dat herno en hallwen Zéngtel, en Zéngtel oder vläicht souguer nach méi? A wou déi Autoe sech da placéieren?"
Dëse Weekend sinn d'Kameraen awer ganz besonnesch op de Yuki Tsunoda geriicht. No véier Saisonen an zwou Courssë bei der sougenannter Ausbildungsecurie vu Red Bull, de Racing Bulls, sëtzt de 24 Joer ale Japaner lo am Cockpit am Garage, direkt nieft dem Weltmeeschter Max Verstappen. Den Tsunoda ersetzt jo den Neiséilänner Liam Lawson, dee lo bei d'Racing Bulls zréckgestuuft gouf:
"Gréissten Onbekannten an Haaptfro vum Weekend ass natierlech, wat mécht de Yuki Tsunoda? Wäerte seng Performancen herno éischter un deene vum Liam Lawson rukrazen? Oder kann hie sech méi no zum Max Verstappen placéieren, vläicht souguer dem Max Paroli bidden? Da wäert sech dann erausstellen, ob den RB21 gezäämt gëtt oder weiderhi e Wittfrae-mécher bleift."
Am éischte fräien Training um Freideg de Moie fréi Lëtzebuerger Zäit, huet dat nawell ganz anstänneg fir de Yuki Tsunoda ausgesinn. De Japaner war als 6., just eng Zéngtel méi lues wéi de Verstappen, dee 5. gouf. Dobäi kënnt, datt den Tsunoda op senger Heemstreck ass. Sou wéi et jo Partnerstied ginn, ginn et och Partnerstrecken a bei Suzuka ass dat de Fall zum Beispill mat Spa Francorchamps bei eise belschen Noperen:
"Änlech der legendärer Streck virun eiser Dier ass Suzuki eng Ikon um Rennkalenner, bei de Piloten extreem beléift wéinst enger technescher a schwiereger Natur. Et ass e Circuit, deen Flow verlaangt, et sinn enorm vill zesummenhänkend Sequenzen u Kéieren, dës verlaangen vum Setup en extreem prezisen Auto. Et brauch ee Millimeter geneeën Alenkpunkt an der Entrée vun all Kéier an et brauch een e stabilt Heck, fir net iwwerproportional vill Zäit ze verléieren an der Sortie, respektiv op den drop zesummenhänkende Kéieren. Auslafzonen ginn et kaum, d'Kiesbetter kommandéieren den héchste Respekt vun alle Piloten, mee virun allem d'Rookië wäerten dëst relativ séier musse léieren, soss kéinte si deen een oder deen anere Safety Car ausléisen."
Virun zwou Wochen zu Shanghai waren nach dräi Autoe disqualifizéiert ginn, de Charles Leclerc op Ferrari an de Pierre Gasly op Alpine, well hiren Auto um Enn ze liicht war, an de Lewis Hamilton op Ferrari, well säin Ënnerbuedem ze vill ofgenotzt war. Den Dominique Riefstahl seet, datt dës Feeler am Fong duerch Berechnungen am Virfeld ze evitéiere sinn, d'Ecurie kruten awer och nach emol gewisen, datt d'FIA, déi international Automobilsportfederatioun, d'Kontrolle ganz minutiéis mécht, sou den RTL -Formel -1 -Expert.
Virun engem Joer hat de Max Verstappen mat der Pole Positioun an der Victoire an der Course de Grousse Präis vu Japan dominéiert.
Wien dës Kéier d'Nues vir huet, kënnt dir nees Live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee an online op RTL.Play suivéieren. D'Detailer vun den Auerzäite fannt dir op RTL.lu.