Den Hollänner huet eng souverän Start-Zil-Victoire gefeiert. Op d'Plazen 2 an 3 koumen de Lando Norris an den Oscar Piastri op McLaren.

Dem Max Verstappen ass beim Grousse Präis vu Japan zu Suzuka déi éischt Victoire vun der Saison gelongen. Et war de 4. Erfolleg hannertenee fir de Verstappen a Japan.

Et war eng roueg Course mat wéinegen Iwwerhuelmanöveren, esou datt et op den éischte 6 Positioune keng Ännerunge par Rapport zum Qualifying gouf. Op d'Plazen 2 an 3 sinn de Lando Norris an den Oscar Piastri op McLaren gefuer. De Lando Norris bleift domadder och Leader am WM-Klassement. De Verstappen huet de Retard verkierzt an ass just nach knapp hannert dem Norris.

Hannendru sinn de Charles Leclerc (Ferrari) an déi 2 Mercedes-Piloten George Russell a Kimi Antonelli op de Plaze 4,5 a 6 ukomm. De Lewis Hamilton gouf de 7. an den Isack Hadjar (Racing Bulls) ass als 8. iwwert d'Arrivée gefuer.

Nom Start gouf et an der Top 10 keng Changementer. De Verstappen huet sech séier e Virsprong erausgefuer an huet dee bis zum Schluss net méi ofginn. Norris a Piastri hu sech op de Plazen 2 an 3 gehalen an och hannendrun blouf de Leclerc virum Russell an dem Antonelli. Den Hamilton konnt am 6. Tour den Hadjar iwwerhuelen an op déi 7. Plaz no vir fueren. Spannend gouf et beim 1. Boxestopp. Norris a Verstappen sinn zesummen aus der Box gefuer an den Hollänner huet de Britt liicht ofgedrängt, esou datt deen huet missen an d'Wiss auswäichen. Den Incident gouf awer net ënnersicht.

An der Suite sinn d'Piloten an den Top 10 hier Ronne gefuer an d'Ofstänn sinn ongeféier déi selwecht bliwwen. Um Enn konnt de Verstappen d'Course a Japan virum Norris a Piastri gewannen. Eng ganz gutt Course ass och den Oliver Bearman gefuer. Op sengem Haas gouf hien um Enn den 10..

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 LENOVO JAPANESE GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025