An der Formel 1 geet et nees Schlag op Schlag a virum grousse Präis vu Bahrain stinn eng Partie Froen op.

Kann de Max Verstappen eng Woch no senger Victoire beim Grousse Präis vu Japan, säi Succès am Bahrain widderhuelen, schloen d'McLaren, déi zu Suzuka mat Lando Norris an Oscar Pisatri um Podium stoungen zeréck oder ass et elo un engem vun de Mercedes respektiv Ferrari-Piloten, fir ganz uewen um Podium ze stoen. De Franky Hippert huet bei eisem RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl nogefrot.

Virschau op de FORMULA 1 GULF AIR BAHRAIN GRAND PRIX 2025

Nom Grousse Präis vu Japan konnt ee sech d' Fro stellen, ob de Red Bull elo nees besser ginn ass oder op d'Victoire virun allem op d'Talent vum Max Verstappen zeréckzeféieren ass. Fir den Dominique Riefstahl kéint et dëse Weekend op jiddwer Fall nees méi schwéier fir de véierfache Weltmeeschter ginn:

"Bleift de Momentum bei Red Bull oder schwéngt en zréck bei McLaren? D'Circuitskonditioune wäerten dës dominéieren. Wann den Circuit iwwerhuele méi einfach mécht, an d'Pace an der Course méi wichteg ass wéi d'Qualifyingspositioun, dann ass ganz kloer McLaren weiderhi Favorit. Wann d' iederkonditiounen esou sinn, dass de Circuit waarm ass an d'Degradatioun zouhëlt, do huet een a China gesinn, dass Red Bull manner gutt mat deene Konditiounen eens gëtt, an och do eng Kéier schwéngt den Hummer erëm zréck Richtung McLaren."
  
Lo virun enger Woch stounge Verstappen op Red Bull an déi zwee McLaren-Pilote Lando Norris an Oscar Piastri um Podium. Och zu Bahrain dierfte Mercedes mat virun allem George Russell, a Ferrari mat Lewis Hamilton a Charles Leclerc net onbedéngt déi éischt Gei spillen:

"Wann de Red Bull net fonctionéiert, well et ze waarm ass, well d'Pneuen ze vill ofbauen, wat och ëmmer, da bis op eemol si Mercedes a Ferrari d'sougenannten zweet Kraaft hanner de McLaren an et gesäit een ee vun hinnen um Podium respektiv heiansdo och ganz vir. Et muss ee soen, an de leschte Coursë ware bal ëmmer Mercedes a Ferrari gläich op. Si hu sech d'leschte Weekend d'Plaze souzesoe gedeelt, dat heescht zwee Ferrarien hunn zwee Mercedesen an de Sandwich geholl. Do gesäit een u sech, déi Autoe waren equivalent, mee kee konnt sech elo besonnesch duerchsetzen géint de Red Bull vum Max Verstappen."
 
De 5,41 Kilometer laange "Bahrain International Circuit" huet schonn aner Charakteristike wéi nach Suzuka virun enger Woch, seet den RTL-Formel-1-Expert:
 
"Zwee Haaptfacteure beaflossen d’Charakteristik vum Circuit vu Bahrain. De Wand an d'Streckentemperatur. Wa vill Wand iwwert dem Rennweekend ass an dësen aus Oste kënnt, bléist en dauernd erëm Sand aus der Wüüst op de Circuit. Dat mécht d'Surface zu engem Sandpabeier natierlech, frësst d'Pneue reegelrecht op, d'Degradatioun hëlt zou an entspriechend d'Zuel u Boxestoppen an un Ongewëssheet, wat d'Coursverhalenverhalen ugeet vun de Pneuen. Deen anere Facteur ass d'Streckentemperatur. Nuets killt d'Streck u sech op déi selwecht Temperatur erof wéi d'Loft och huet. Wann d'Loft waarm bleift, da bleiwe weiderhi 35 Grad och nuets. Dann ass de Circuit waarm an d'Degradatioun ass e bësse méi héich."
 
Japan war fir eis Europäer moies fréi. Bahrain ass bei eis am fréien Owend. Fir d'Leit aus dem Formel-1-Zirkus, déi zu Suzuka waren an elo eeben um persesche Golf, mécht dat mat der Zäit kee groussen Ënnerscheed, seet den Dominic Riefstal:

"Japan méi fréi am Dag oder Bahrain méi spéit owes, u sech kënnt dat op eent zou. Wann a Japan fréi gefuer gëtt, ass dat méi eng westlech Zäit, sou ze soen. Respektiv wann a Bahrain spéit gefuer gëtt, dreift dat d'Zäit Richtung Osten. U sech mécht et den Ingenieuren an de Mecanicien d'Liewe méi einfach, andeems et den Ënnerscheed méi kleng mécht, wéi dat wat d'Zäitzonen eleng schonn ausgemaach hätten."

Virun engem Joer hat de Max Verstappen am Bahrain beim Saisonsoptakt souwuel an der Qualifikatioun wéi och an der Course alles fest am Grëff. Dëst Joer, mir hunn et héieren, dierft dat awer fir de 27 Joer alen Hollänner net esou einfach ginn.
 
De Grousse Präis vu Bahrain kënnt dir nees live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee an online op rtlplay suivéieren.