An enger animéierter Course huet den Australier souverän gewonnen. D'Plazen 2 an 3 goungen un den George Russell an un de Lando Norris.

Obwuel et vill Iwwerhuelmanövere gouf, huet sech den Oscar Piastri net aus der Rou brénge gelooss a konnt déi 2. Kéier an dëser Saison gewannen. Et war déi 1. Victoire fir McLaren am Bahrain. Fir d'Plazen 2 bis 4 gouf et en haarde Kampf tëscht dem Russell, dem Leclerc an dem Norris. Um Enn huet de Russell sech déi 2. Plaz virum Norris geséchert.

Am General koum de Piastri op 3 Punkten op säin Teamkolleeg Norris erun.

Hannert dem Leclerc op der 4. Plaz koum de Lewis Hamilton um 2. Ferrari. De Pierre Gasly ass op der 7. Plaz eng ganz gutt Course gefuer. Red Bull koum mam Verstappen am mam Tsunoda just op d'Plaze 6 an 9. Et war also kee gudde Weekend fir Red Bull.

Nom Start gouf d'Reiefolleg duerchernee gerëselt. De Piastri ass vir bliwwen, de Leclerc huet awer 2 Plaze verluer. De Russell ass doduerch op déi 2. Plaz no vir gefuer an de Norris konnt sech vun der 6. op déi 3. Plaz no vir schaffen. Wéinst engem Feelstart krut den Norris awer eng Zäitstrof vu 5 Sekonnen.

Ferrari hat eng aner Renn- a Pneuestrategie wéi déi meescht aner Ecurien an duerch ënnerschiddlech Boxestoppe gouf et an der 1. Hallschent vun der Course vill Iwwerhuelmanöveren. Nodeems jiddereen eemol an der Box war louch de Piastri virum Russell an dem Norris un der Spëtzt. Hannendru louchen de Leclerc an de Gasly. An der Suite huet Ferrari awer d'Muskele spille gelooss. Fir d'éischt konnt de Leclerc den Norris iwwerhuelen. Den Hamilton ass vun der 10. Plaz op déi 5. Plaz no vir gefuer.

An der 32. Ronn koum de Safety Car eraus, well d'Streck knaschteg war. Nom Restart huet sech an den éischte Positiounen näischt geännert. Den Hamilton hat den Norris zwar kuerz iwwerholl, dee konnt awer zréckschloen. An der Suite ass et méi roueg bliwwen, den Norris konnt nach de Leclerc iwwerhuelen an dat 6 Ronne viru Schluss.  De Piastri huet schlussendlech virum Russell a virum Norris gewonnen.

Decisiounen no der Course

Den Nico Hülkenberg gouf no der Course disqualifizéiert. D'Plack vum Ënnerbuedem vu sengem Sauber war just nach tëscht 8.4 an 8.5mm déck. D'Reegele schreiwen awer vir, dass se no der Course nach 9mm déck muss sinn. Dofir gouf den däitsche Pilot disqualifizéiert an d'Piloten hannert him réckelen all eng Plaz no vir. Hie war an der Course den 13. ginn.

D'Strofversetzung ëm 3 Plazen no hanne fir de Carlos Sainz bei der nächster Course gouf nodréiglech annuléiert, well hie seng 10-Sekonne-Strof wuel awer reegelkonform ofgesat huet am Bahrain.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 GULF AIR BAHRAIN GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025