Piastri op der Pole, Russell an Antonelli bestrooft

© AFP
Hannert dem McLaren an dem Mercedes steet mam Charles Leclerc e Ferrari. De Kimi Antonelli komplettéiert dat gutt Resultat vu Mercedes mat Plaz 4.
An enger spannender Qualifikatioun huet sech den Oscar Piastri knapp géint den George Russell* duerchgesat a start e Sonndeg vun der Pole Position. Just 1 Zéngtel huet béid Pilote getrennt. Hannendru steet mam Charles Leclerc den éischte Ferrari, virum Kimi Antonelli am zweete Mercedes*. E bëssen iwwerraschend steet de Pierre Gasly mam Alpine op der 5. Plaz. De Lando Norris muss sech no engem Feeler an der leschter Ronn mat Plaz 6 zefridde ginn. Och de Carlos Sainz ka mat senger 9. Plaz zefridde sinn. Guer net frou dierften d'Red-Bull-Piloten an de Lewis Hamilton sinn.
Well de Russell an den Antonelli nodréiglech wéinst engem Feeler* bestrooft goufen, start de Charles Leclerc e Sonndeg vun der zweeter Positioun an och de Lando Norris réckelt eng Positioun no vir.
Den zweete Qualifying gouf wéinst enger Sortie vum Esteban Ocon kuerzzäiteg ënnerbrach. De Fransous start soumat vun der 14. Positioun. Genee wéi fir den Ocon war och fir de Fernando Alonso, deen d'lescht Saison nach 6. an der Qualifikatioun war, Schluss. De Spuenier start e Sonndeg just vun der 13. Plaz. Hie profitéiert vun enger Strof géint den Nico Hülkenberg, dee vun der 15. Positoun start. Virum Alonso stinn nach den Isack Hadjar an den Jack Doohan.
Am Q1 hat et kuerzzäiteg no enger béiser Iwwerraschung fir Red Bull ausgesinn. Hir Autoen haten technesch Problemer a konnten eréischt op hirer leschter Ronn de Sprong an den zweeten Tour packen. Virdrun hate si keng Zäit zustane kritt. Duerch de Sprong vum Verstappen an Tsunoda ënnert déi bescht 15 hunn den Alexander Albon, de Liam Lawson, de Gabriel Bortoleto, de Lance Stroll an den Oliver Bearman fréi d'Seegele musse sträichen.
D'Course kënnt Dir e Sonndeg ab 17.00 Auer op RTL ZWEE an RTL Play suivéieren. D'Emissioun start um 16.15 Auer.
*Den George Russell an de Kimi Antonelli goufen nodréiglech bestrooft an ëm eng Plaz no hanne versat, well si wärend der Ënnerbriechung am Q2 ze fréi aus hirer Garage gefuer waren. Si haten hir Garage verlooss, nach éier d'Kommissären nees gréng Luucht ginn haten.