Den Australier konnt de Max Verstappen an de Charles Leclerc souwéi säi Compatriot Lando Norris hannert sech loossen.

An der fënnefter Manche vun der Saison 2025 gouf et déi drëtt Victoire vum Oscar Piastri op McLaren. Den Australier iwwerhëlt domat och d'Féierung am WM-Klassement. Hannert him koumen den amtéierende Weltmeeschter Max Verstappen, deem eng Strof zum Verhängnis gouf, an de Ferrari-Pilot Charles Leclerc op de Podium.

De Lando Norris verléiert duerch d'Plaz 4 seng Féierung am WM-Klassement u säi Co-Equipier. Fir Mercedes war et keng gutt Course. Den George Russell an de Kimi Antonelli klasséiere sech als 5. a 6., virum Lewis Hamilton an dem Carlos Sainz. Déi lescht Punkte goungen un den Alexander Albon an den Isack Hadjar.

De Verstappen konnt de Start gewannen a seng éischt Plaz verdeedegen, huet dobäi awer d'Kéier ofgekierzt a krut doropshin eng 5-Sekonne-Strof opgedréckt. No enger Kollisioun tëscht dem Tsunoda an dem Gasly kuerz nom Start huet de Safety Car fir 3 Ronne mussen erauskommen.

No der Boxestopp-Phas huet sech den Oscar Piastri op der éischter Plaz erëmfonnt, nodeem de Max Verstappen seng Strof huet mussen ofsëtzen. De Leclerc an den Norris konnte vun hiren neie Pneue profitéieren an de Russell iwwerhuelen. Géint Enn vun der Course koum et tëscht dem Monegass an dem Britt nach zu engem spannende Kampf ëm d'Plaz 3, déi de Leclerc fir sech entscheet huet. Et ass den éischte Podium an dëser Saison fir Ferrari.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 STC SAUDI ARABIAN GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025