De Weekend geet den éischten Triple Header vun der F1-Saison op en Enn.

3 Grand-Prixen an Zäit vun zwou Wochen - No Japan a Bahrain geet den éischten Triple Header vun der Formel-1-Saison dëse Weekend mam Groussen Präis vu Saudi-Arabien op en Enn. Zu Suzuka stoung de Max Verstappen op Red Bull ganz uewen um Podium, am Bahrain war et den Oscar Piastri op McLaren. Gewënnt e Sonndeg nees ee vun deenen zwee oder gesäit een anere Pilot als éischten de schwaarz-wäiss-karéierte Fändel?

Formel-1-Virschau G.P. Saudi-Arabien / Reportage Franky Hippert

A Japan huet de Max Verstappen säi ganzt Talent gewisen. Am Bahrain virun enger Woch hat de Red-Bull-Pilot als 6. näischt mam Ausgang vun der Course ze dinn. Um 6,17 Kilometer laangen Djeddah Corniche Circuit kéint et fir den aktuelle Weltmeeschter awer nees e bësse besser goen, sou den Dominique Riefstahl. 
 
"De Makadamm, dee relativ glat ass, an de Layout vun Djeddah misst u sech Red Bull entgéintkommen. En erméiglecht, de Setup net grad esou pointéiert no vir ze maachen, mee e bësse méi equilibréiert Richtung hënnescht Achs, well déi manner beusprocht gëtt an der Traktioun, an ee manner déi hënnescht Pneuen schoune muss, wéi dat zum Beispill a Bahrain de Fall ass. Allerdéngs et gesäit een ëmmer nach, Red Bull huet Schwieregkeeten, wann d'Temperature méi héich sinn. Doduerch, dass de Makadamm méi glat ass, mécht et de Problem manner schlëmm zu Djeddah, an awer wann et do nuets weiderhin iwwer 30 Grad bleift, souwéi mer dat a Bahrain de leschte Weekend gesinn hunn, kéint dat weiderhin e Problem si fir Red Bull. Et muss ee bësse kucken, wéi se sech do astellen a wéi se och d'Léiere vu Bahrain ëmsetzen."
 
Fir den RTL-Formel-1-Expert ass awer kloer, och a Saudi-Arabien féiert kee Wee laanscht d'McLaren. De Leader am WM-Klassement Lando Norris a säin Equipier Oscar Piastri, dee just 3 Punkten hannert dem Norris ass, hunn am Moment dee beschten Auto am Formel-1-Zirkus. 
  
"McLaren wäert weiderhin den Toun uginn. Si hunn a Japan, wat vun der Charakteristik hier am änlechsten ass, net dat ganzt Potenzial aus hirem Auto erausgeholl. De Max Verstappen dofir absolutt all leschte Kär. Wann hien dat nach eng Kéier mécht, ass e relativ no drun un de McLaren. Mee et gesäit een, dass wann d'McLaren effektiv hiert ganzt Potenzial ausspillen, hu si eng kleng Nues, awer ëmmer eng Nues virun all deenen aneren. Mercedes ass am Qualifying och net ze ënnerschätzen. A wa Ferrari léiert, hiren Update, dee se de leschte Weekend matbruecht hunn, ze verstoen a besser unzewenden, kann et och sinn, dass si erëm e klenge Sprong no vir maachen."
 
D'Streck zu Djeddah wëll sech Stroossecircuit nennen. Fir de fréiere Formel-1-Ingenieur ass et awer en dediéierte Renncircuit. 
 
"En ass vun der Charakteristik relativ komplizéiert, andeems en extreem vill Kéieren huet. 27 där Kéieren au total, dës sinn déi meeschte vun der ganzer Saison. En ass och relativ laang, mat iwwer sechs Kilometer Längt. Ass awer technesch elo net onbedéngt méi komplizéiert. E verlaangt en Auto, dee vill Stabilitéit huet, fir dass een en an deene ganze Sequenze vu Kéieren einfach gutt ka placéieren, méiglechst no un der Mauer, fir de ganze Circuit kënnen auszereizen. D'Gefor, déi domadder zesummenhänkt mat deenen noe Maueren, ass, dass déi meescht Kéiere blann sinn an dass een einfach net gesäit, wat hannendrun ass."
 
Virun engem Joer war de Grousse Präis vu Saudi-Arabien déi zweet Course vun der Saison. Lo ass et déi 5. Manche. Zejoert war de Max Verstappen zu Djeddah nach net ze schloen. Souwuel an der Qualifikatioun wéi herno an der Course war de 27  Joer alen Hollänner dee Séiersten. Red Bull konnt och mam Sergio Perez den Doublé feieren. Deemools huet de Charles Leclerc de Podium completéiert. E Sonndeg kéint et och en Doublé ginn, awer dann éischter dee fir McLaren. 
 
A wéi d'Course e Sonndeg den Owend vun 19 Auer un ausgeet, kënnt Dir nees live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL ZWEE an online um RTL Play suivéieren. De Virprogramm fänkt um 18.15 Auer un. All d'Zäite vun der Qualifikatioun an de Fräien Traininge fannt Dir och bei eis um Internet op RTL.lu an der Rubrik "F1".

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.