Max Verstappen op en Neits op der Pole

© AFP
Hannert dem Red Bull-Pilot ginn e Sonndeg den Oscar Piastri an de George Russell an d'Course.
E Samschdeg den Owend Lëtzebuerger Zäit stoung fir d'Piloten de Qualifying fir de Grousse Präis vu Saudi-Arabien um Programm. Op engem vun deene séierste Circuite vum Kalenner huet sech zu Djeddah de Max Verstappen Pole Position geséchert. Et ass seng 42. Pole a senger Karriär. Mat nëmmen 10 Honnertstel Réckstand fiert den Oscar Piastri op déi 2. Plaz. Als drëtte geet e Sonndeg de George Russell an d'Course.
Op d'Plaze 4 a 5 klasséieren sech de Ferrari-Pilot Charles Leclerc an den Andrea Antonelli op Mercedes. Hannendrun fueren de Carlos Sainz op Williams, Lewis Hamilton op Ferrari, Yuki Tsunoda op Red Bull, an de Pierre Gasly op Alpine fort.
Fir de Lando Norris war et e schwaarzen Dag. Am Q3 huet de McLaren-Pilot d'Mauer touchéiert a konnt de Q3 net fäerdeg fueren. Hien klasséiert sech um Enn op der 10. Plaz an huet deemno eng schwéier Course viru sech.
Am Q1 war de Max Verstappen dee Séiersten, virum Lando Norris an dem Oscar Piastri. Ze lues fir et an de Q2 ze pake waren de Lance Stroll (Aston Martin), Jack Doohan (Alpine), Nico Hülkenberg (Sauber), Esteban Ocon (Haas) an den zweete Sauber Gabriel Bortoleto.
Am Q2 goufen den Alexander Albon op Williams, déi zwee Racing Bulls Lawson an Hadjar, de Fernando Alonso an den Oliver Bearman op Haas eliminéiert.
Am Q3 koum et zu engem Crash mam Lando Norris. De McLaren-Pilot huet um enke Circuit an de Stroossen zu Djeddah Kontroll iwwert säin Auto verluer an huet d'Mauer touchéiert. Déi lenks Säit vu sengem Auto war komplett futti. De Q3 gouf doropshin och ënnerbrach.
De Grousse Präis vu Saudi-Arabien gëtt e Sonndeg den Owend um 19 Auer eiser Zäit gestart. Op RTL ZWEE an um RTL Play kënnt Dir vun 18.15 Auer u live mat dobäi sinn.