Mexiko bleift bis 2028 am F1-Kalenner

© AFP
405.000 Spectateure ware bei der Editioun 2024 op den Tribünen.
Den Autódromo Hermanos Rodríguez, deen am Joer 1959 gebaut an 1963 ageweit ginn ass, bleift bis 2028 am F1-Kalenner.
De Chef vun der Formel-1 Stefano Domenicali ass immens zefridden, dass de Kontrakt verlängert ginn ass: "Mir sinn immens houfreg, matdeelen ze kënnen, dass de Mexiko City Grand Prix weiderhin en Deel vun eisem Kalenner bis 2028 wäert sinn. Formel 1 ass Energie, Leidenschaft an Emotiounen, an all Joer ass déi eenzegaarteg Atmosphär, déi vun eise Fans a Mexiko City geschaf gouf, eng vun deenen flottsten Erfarunge vun eisem Championnat. Ech wëll dem President Claudia Sheinbaum e groußen Merci ausdrécke fir hiert staarkt Engagement fir d'Formel 1, dem Regierungschef Clara Brugada fir déi weider Ënnerstëtzung an dem Alejandro Soberón Kuri, deem seng Leedung fundamental fir den Erfolleg vun dësem Event ass. Ech wëll och de lokalen Acteuren a Geschäfter Merci soen, déi eis Visioun deelen an déi dëst Evenement esou speziell maachen.“
De 4,3 Kilometer laange Circuit bitt eng rei Erausfuerderungen. Den Tracé läit op enger Héicht vun 2.285 Meter. Dat bedeit, dass d’Loft extrem dënn an doduerch e Verloscht vu 25% un Uprëssdrock verluer geet. Dobäi mussen Ingenieure sech ëmmer nees eppes afale loossen, dass de Motor gutt genuch gekillt gëtt.
Déi Responsabel vun der F1 ginn also dovunner aus, dass dëse Grand Prix am Häerz vu Mexiko-City, och ouni de Lokalheld Sergio Perez, e Succès bleift. Oder wëssen déi eppes méi wéi mir? Cadillac, déi nächst Saison eng Ecurie op Bee stellen, sollen de Rumeuren no de Sergio Perez dëse Weekend als Pilot annoncéieren. Dowéinst soll de fréiere Red Bull Pilot zu Miami sinn.

D'Carla Brugada Molina an de Stefano Domenicali bei der Signature fir dräi weider Joer bei der Formel 1. / © AFP