Antonelli start beim Sprint virun den zwee McLaren

© Photo by CHARLY TRIBALLEAU / AFP
De grousse Präis vu Miami gëtt e Freideg den Owend direkt mat dem Qualifying fir de Sprint lancéiert.
Dräi Tier, déi Bescht komme weider. Esou sinn d'Reegelen am Qualifying vun der Formel 1, sief et fir déi normal Course oder de Sprint. Dëse Freideg den Owend hunn d'Piloten also misste fir de Grousse Präis vu Miami an der Sprint-Quali goen.
Direkt am SQ1 ass mam Yuki Tsunoda e Pilot erausgefall, deen ee sech wuel e bësse méi wäit vir erwaart hat. De Japaner op Red Bull koum op déi 18. Plaz. Nach eliminéiert goufen den Lance Stroll (Aston Martin - 16), Jack Doohan (Alpine - 17), Gabriel Bertoleto (Sauber - 19) an Oliver Bearman (Haas - 20)
Am SQ2 war et du fir den Nico Hülkenberg (Sauber - 11) Esteban Ocon (Haas - 12), Pierre Gasly (Alpine - 13), Liam Lawson (Racing Bulls - 14) a Carlos Sainz (Williams - 15) eriwwer.
Esou koum et am SQ3 fir déi leschten 10 drop un, sech esou wäit wéi méiglech uewen ze placéieren. Verstappen a Russell waren hei fréi dobaussen an hate schonn d'Zäite gesat, déi déi aner probéiert hunn, ze ënnerbidden. Den aktuelle Weltmeeschter war awer net mat senger Zäit zefridden an huet et no senger éischter Ronn eng weider hannendru geluecht. Seng Zäit konnt hie zwar verbesseren, ma fir d'Pole sollt et net duergoen. Déi sollt bei dësem Sprint-Quali un de jonke Mercedes-Pilot Kimi Antonelli goen.
Hannert dem Italiener starten den Oscar Piastri an de Lando Norris ( McLaren) op de Plazen 2 an 3, de Max Verstappen (Red Bull) op 4 an den George Russell (Mercedes) op 5. Dohannert kommen déi zwee Ferrari vum Charles Leclerc a Lewis Hamilton, den Alexander Albon (Williams), den Isack Hadjar (Racing Bulls) an de Fernando Alonso (Aston Martin).

© AFP
Den Andrea Kimi Antonelli ass iwwregens dee jéngste Pilot, dee jee bei enger Sprint-Qualifiaktioun op déi éischte Plaz gefuer ass.