Virschau Miami: "De Momentum läit ganz kloer beim Oscar Piastri"

© CHANDAN KHANNA AFP
"Welcome to Miami" heescht et vun haut un an der Formel 1. Déi 6. Manche vun der Saison ass an den USA, an do ass och ëmmer fir vill Spektakel gesuergt.
Den Oscar Piastri op McLaren geet als Leader am Weltmeeschterschaftsklassement an dëse Sprint-Weekend. Den Duell tëscht dem Australier an sengem Equipier Lando Norris ass jiddwerfalls lancéiert.
D'Konkurrenz probéiert och drun ze bleiwen. Am Moment ass Papaya awer einfach déi stäerksten Ecurie, a mam Oscar Piastri huet ee beim McLaren e Pilot, deen d'Potenzial huet, Weltmeeschter ze ginn, den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl.
De Momentum läit ganz kloer beim Oscar Piastri. Net nëmmen huet hien déi lescht Course gewonnen a läit zanterhier och vir an der Pilotemeescheschaft, mee hie qualifizéiert sech wëssentlech besser wéi de Lando Norris. Am Duerchschnëtt ass den Oscar Piastri op Positioun 1,8 am Qualifying. De Lando Norris nëmmen op Positioun 4,4, do sinn en George Russell an e Max Verstappen mat duerchschnëttlech Positioun 3,2 souguer alleguerte virun him.
De 24 Joer alen Piastri huet am WM-Klassement zéng Punkten Avance op den Norris an zwielef op de Max Verstappen. De Weltmeeschter gëtt säi Bescht, huet virun allem awer mat sengem "Diva-hafte" Red Bull RB21 ze kämpfen.
"Red Bull, hir Performance ass relativ variabel. Negativ stécht eraus natierlech do Bahrain, wou de Max nëmmen als Siwente sech qualifizéiert huet. Et ass e Circuit, deen atypesch ass an deem Sënn, dass ee mat méi Appui an d'Course geet, wéi dat u sech natierlech d'Demande vum Circuit wär, well am Qualifying eeben DRS erlaabt ass. Déi aner zwee Circuiten, déi erausstinn, si Japan an Saudi-Arabien, Circuiten, déi extreem technesch sinn, wou de Pilot, a virun allem seng ganz Finesse, säi ganz fuererescht Kënnen, wierklech kënnen den Ënnerscheed bréngen."
Wat d'Streck zu Miami um International Autodrome ugeet, ass déi sou änlech fir d'Formel-1-Boldië wéi Shanghai a China, seet den Dominique Riefstahl:
"Déi viischt Achs gëtt weesentlech méi beusprocht wéi déi hënnescht. Allerdéngs, änlech wéi dat am Bahrain de Fall war, op all Riichte kann ee mam DRS fueren, wat dozou féiert, dass d'Teams tendéiere méi e grousse Flillek ze fueren, wéi dat soss de Fall wär. Bei deene Charakteristiken huet Red Bull drënner gelidden. Si hu léiwer en effizienten Auto wéi een, deen op maximalen Downforce ausgeriicht ass. En zweete Volet sinn d'Temperaturen. Bis elo hu mer Streckentemperaturen am Beräich 30 bis 35 Grad gesinn. Miami gëtt daagsiwwer gefuer. Et ass en däischtere Makadamm. D'lescht Joer waren et 55 Grad Streckentemperatur."
Et ass gewosst, an den USA geet Sport Hand an Hand mat Spektakel a Show. Zu Miami ass dat fir d'Formel 1 dëse Weekend net anescht. Fir d'Piloten ass dat net ëmmer evident, seet de fréiere Formel-1-Ingenieur.
"Miami ass eng eenzeg Party. Net ëmsoss brénge bal alleguerten d’Ecurië Sonderlackéierunge mat op Miami, wann net um Auto dann zumindest bei der Teamware. Et sinn Eventer, Partyen a soss Optrëtter lénks a riets vum Circuit. D'Garagë si voll mat Perséinlechkeeten aus Film, Musek, Sport an soss der allgemenger Jet Set. D'Pilote sinn déi ganzen Zäit beusprocht, d'Ingenieuren zum Deel och, do de Fokus net ze verléieren, dat Sportlecht um Circuit net aus dem A ze loossen a virun allem och d'Championnat net ze vergiessen, ass e Schlëssel fir den Erfolleg dëse Weekend."
Zejoert gouf et zu Miami fir de Lando Norris déi éischt Victoire a senger Formel-1-Karriär. Deemools stoungen och nach de Max Verstappen op Red Bull an de Charles Leclerc op Ferrari um Podium. Déi grouss Fro dëse Weekend wäert awer wuel sinn, ob den Norris säi Succès vum leschte Joer widderhuele kann oder ob et déi véierte Kéier de Saison gëtt, datt den Oscar Piastri de schwaarzwäiss-karéierte Fändel als éischte gesäit.
A wéi de Weekend an der Formel 1 verleeft, kënnt Dir nees Live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee, an online op rtlplay suivéieren.