De Lando Norris gewënnt virum Oscar Piastri an dem Lewis Hamilton. D'Course musst wéinst zwee Accidenter hannert dem Safety Car op en Enn gefuer ginn.

De Lando Norris profitéiert vun enger Safety-Car-Phas an de leschte 4 Ronnen a gewënnt de Sprint zu Miami. De Britt war virum Oscar Piastri an dem Lewis Hamilton ukomm. De Max Verstappen koum zwar als Véierten un, mee krut eng 10-Sekonne-Strof wéinst engem Incident mam Piastri an der Boxegaass a krut keng Punkten. Déi lescht Punkte kruten den Alexander Albon**, den George Russell, de Lance Stroll, de Liam Lawson*** an den Oliver Bearman*. De Lawson muss wéinst senger Aktioun nach mat enger Strof rechnen, vun där de Yuki Tsunoda profitéiere kéint.

De Start vum Sprint gouf wéinst dem ville Waasser, dat kuerz virun der Course erofkomm war, verréckelt. No zwee Formatiounstoure gouf dës Decisioun vun de Rennkommissare geholl. Sou goung et eréischt 30 Minutte méi spéit lass wéi geplangt. De Charles Leclerc war net un den Depart gaangen, well hie säin Auto um Wee an d'Startformatioun an d'Leitplank gesat hat.

De Kimi Antonelli**** huet seng éischt Plaz direkt nom Start un den Oscar Piastri verluer. Den Australier ass en haart Manöver gefuer an de Mercedes-Pilot huet mussen auswäichen a koum vun der Pist of. Den Antonelli huet sech duerno op der 4. Plaz erëmfonnt. Dëse Manöver hat keng weider Konsequenzen.

De Circuit ass am Verlaf vun der Course méi dréche ginn, mee net esou séier ofgedréchent, wéi d'Ecurië gemengt haten. Laang war näischt geschitt, mee duerno hu sech d'Evenementer iwwerschloen.

An der 13. Ronn koum et an der Boxegaass zu enger Kollisioun tëscht dem Max Verstappen an dem Kimi Antonelli. De Verstappen war bei Rout, also ze fréi, fortgefuer an huet dowéinst den Antonelli touchéiert. Sou konnt den Norris laanscht säin Teamkolleeg fueren. De Verstappen krut wéinst dëser Aktioun eng 10-Sekonne-Strof opgedréckt.
Zäitgläich hat de Carlos Sainz eng Kollisioun um Circuit an huet dobäi vill Stécker vu sengem Auto verdeelt, sou dass de Safety Car huet mussen erauskommen. Kuerz drop gouf de Fernando Alonso vum Liam Lawson an d'Leitplank gedréckt a war ausgescheet.

Wéinst dem Verréckele vum Start geet de Qualifying eng Véierelstonn méi spéit lass, an domat och d'Emissioun vun RTL. Rendez-vous ass um 22.15 Auer.

*Den Oliver Bearman krut wéinst Unsafe Release an der Boxegaass nodréiglech 5 Sekonnen opgebrummt a fält domat aus de Punkten.
**Den Alexander Albon gouf och wéinst dem Netbeuechte vun de Safety-Car-Reegele bestrooft. D'Rennkommissaren hunn eng 5-Sekonne-Strof ausgeschwat, woumat den Albon aus de Punkte fält.
***An och de Liam Lawson krut eng 5-Sekonne-Strof, well hien de Fernando Alonso aus der Course geheit hat.
****Duerch all dës Strofe gouf de Polesetter Kimi Antonelli vu Plaz 11 op Plaz 7 no vir gespullt a krut nach Punkten.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 CRYPTO.COM MIAMI GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025