Max Verstappen start vun der Pole Position

© AFP
Den Hollänner konnt sech knapp virun de McLaren an dem Kimi Antonelli behaapten. Fir Ferrari war et e Qualifying fir ze vergiessen.
De Max Verstappen steet a senger éischter Course als frëschgebake Papp op der Pole Position. De Red-Bull-Pilot hat 65 Dausendstel Virsprong op de Lando Norris. De Polesetter vum Sprint, de Kimi Antonelli, huet sech op der leschter Ronn nach op déi drëtt Plaz no vir gedréckt. Den Oscar Piastri huet musse réckelen.
Och d'Williams-Pilote konnte positiv op sech opmierksam maachen. Si klasséiere sech hannert dem George Russell op de Positioune 5 (Sainz) a 6 (Albon). Et war déi éischt Kéier an dëser Saison, dass béid Piloten an de Q3 koumen. Komplettéiert gëtt d'Top10 mam Charles Leclerc, dem Esteban Ocon an dem Yuki Tsunoda.
Insgesamt war et kee gudde Qualifying fir Ferrari. Well de Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton gouf et no der drëtter Plaz am Sprint e weidere Réckschlag. De Ferrari-Pilot huet sech mat der 12. Plaz mussen zefridde ginn. Virum Britt steet nach den Isack Hadjaar. Des Weidere war am Q2 fir de Gabriel Bortoleto, den Jack Doohan an de Liam Lawson Schluss.
Am Q1 war Schluss fir den Niko Hülkenberg, dee sech géint säi Co-Equipier Bortoleto huet misse geschloe ginn, de Pierre Gasly an den Oliver Bearman. Och déi zwee Aston-Martin-Pilote Fernando Alonso a Lance Stroll hunn hiren Auto séier kënne stoe loossen. Et ass déi éischt Course an dëser Saison, wou béid Autoen net méi wäit wéi de Q1 koumen.