McLaren dominéiert zu Miami
De WM-Leader Oscar Piastri gewënnt virum Lando Norris. Hannert deenen zwee McLaren Pilote fiert de George Russell op Mercedes op déi 3. Plaz.
McLaren huet de Grousse Präis vu Miami iwwer 57 Ronnen dominéiert. Op der Positioun 4 an d'Course gaangen huet den Oscar Piastri sech no 9 Ronnen op der 2. Plaz erëm fonnt. An der 18. Ronn huet den Australier dunn de Max Verstappen iwwerholl. Seng 1. Plaz sollt de Leader am General bis zum Schluss net mei ofginn. Et ass dem Piastri seng 4. Victoire an deser Saison. De Lando Norris fiert no engem schlechtem Start um Enn nach op déi 2. Plaz. Gudden drëtte gëtt de George Russelll op Mercedes virum Max Verstappen op Red Bull.
Den Alexander Albon fiert op déi 5 Plaz, virum Kimi Antonelli um zweete Mercedes. Do hannendrun fuere béid Ferrari-Pilote Leclerc an Hamilton. Top 10 komplettéieren den Carlos Sainz an den Yuki Tsunoda.
Am WM-Klassement leit den Oscar Piastri elo 16 Punkte virum Lando Norris.
Resumé
Grousse Verléierer beim Start war de Lando Norris. No engem haarden Duell mam Max Verstappen kennt de Lando Norris kuerz vun der Ideallinn erof a rutscht vun der 2 op déi 6 Plaz zeréck. Aneschters de Kimi Antonelli de sech no der 1 Ronn op der 2 Plaz, hannert dem Max Verstappen, erëm fonnt huet. Vu laanger Dauer sollt dem Rookie seng 2. Plaz awer net sinn, dat well béid McLaren Piloten hier Vitesse konnten ausspillen, an no 9 Ronnen op de Plazen 2 a 3 louchen.
An der 14. Ronn gouf de Max Verstappen vum Oscar Piastri attackéiert a huet d'Leaderpositioun un de McLaren-Pilot missen ofginn. An der 18. Ronn war et dunn och um Lando Norris. McLaren war zu dësem Zäitpunkt méi séier wéi Red Bull, an de Max Verstappen huet deemno och den zweete McLaren-Pilot misse laanscht zéie loossen.
An der 30. Ronn ass de George Russell an d'Box komm. De Mercedes Pilot huet sech doduerch net nëmmen nei Pneue geholl, mee ass och virum Max Verstappen ob d'Stréck komm, deen zu dësem Moment nëmmen nach op der 4. Plaz louch. Un deenen éischte 4 Positioune sollt sech bis zum Schluss dann och näischt méi änneren.
Eng staark Course ass den Alexander Albon gefuer, de sech um Enn op der 5. Plaz erëm fënnt. De Williams-Pilot klasséiert sech virum Kimi Antonelli, deen och op en Neits eng gutt Course gefuer ass.