An der Formel 1 ass spéitstens zanter dem leschte Sonndeg an der Victoire vum Oscar Piastri kloer, datt de McLaren-Pilot de Mann vun der Stonn ass.

Den Australier huet net nëmme seng Leaderpositioun am Weltmeeschterschaftsklassement ausgebaut, ma an hëtzege Situatiounen um Circuit bleift den Piastri och äiskal. Ganz anescht gesäit dat do am Moment bei Ferrari an de Piloten Charles Leclerc a Lewis Hamilton aus, dozou den RTL Formel 1 Expert Dominique Riefstahl:

"Béid Piloten, déi ufänken an Interviewen zwar héiflech, awer däitlech Kritik um Auto auszeüben, seet villes iwwert den internen Drock. En Enzo Ferrari hätt fréier béid Piloten erausgehäit, déi géint den Auto geschwat hunn, an huet sech sécher e Sonndemoien a sengem Graf ëmgedréit, wéi Leclerc an Hamilton am Lego -Ferrari souzen, a kloer soten, si bräichten “och do” méi Leeschtung. Den Auto ass einfach lues. Am Verglach zum jeeweils Quali-Beschte waren d'Ferrari souguer déi eenzeg Topp-Ecurien zu Miami, déi weider zréckgefall sinn. Et gesäit aus, wéi wann d'Streckentemperaturen jenseits vu véierzeg Grad bei hinnen d' Performance asacke léisst. D' Erwaardunge sinn entspriechend grouss un den Upgrade-Package fir Imola, genee sou wéi se dat un de Sir Lewis Hamilton waren, wéi dee bäigetrueden ass. Wat mer elo erlieft hunn an erliewe wäerten, ass sécher net e Problem tëscht dem brittesche Pilot an der italieenescher Schaffkultur, mee einfach eng kloer technesch Faiblesse vun der Macchina."

Um Enn hu sech de Charles Leclerc an de Lewis Hamilton zu Miami mat de Plazen 7 respektiv 8 missen zefridde ginn. An dësen Deeg gëtt et also vill zu Maranello an der Fabrick vu Ferrari ze beschwätzen. Dee nächste Grand Prix ass dann och an zwou Wochen an Italien. Fir déi éischt Statioun dës Saison an Europa ass d'Formel 1 nämlech zu Imola.