Alpine, déi zweet: Doohan muss fënnef Courssen aussetzen

© AFP
Alpine rotéiert seng Piloten. Den Jack Doohan muss fir fënnef Courssen op d'Reservebänk. De Franco Colapinto iwwerhëlt säi Cockpit.
Turbulent Zäite beim Alpine F1 Team. Nodeems d’Ecurie um Dënschdegowend de Récktrëtt vun hirem Teamchef Oliver Oakes matgedeelt huet, koum um Mëttwochmoien d’Nouvelle, dass den Jack Doohan op d’mannst provisoresch duerch de Franco Colapinto ersat gëtt. De Colapinto ass fir fënnef Coursse gesat (Imola, Monaco, Barcelona, Montreal a Spielberg). Duerno wéilt Alpine d’Resultater evaluéieren, wéi de Colapinto am Verglach zum Doohan ofgeschnidden huet, an decidéieren, wien d’Saison fäerdeg fueren däerf.
Dës Nouvelle kënnt net iwwerraschend. Den Jack Doohan stoung massiv ënner Drock. Nodeems Alpine sech Enn vun der leschter Saison fréizäiteg vum Esteban Ocon getrennt huet, gouf de mëttlerweil 22 Joer alen Doohan bei der Saisonsfinall zu Abu Dhabi an d’kaalt Waasser gehäit. Bei senger kuerzfristeger Première ass hien éischter hannendru gefuer: 17. an der Qualifikatioun a 15. an der Course. Och an den éischte Courssen 2025 bleift den Doohan éischter blatzeg. De Fils vum Motorrad-Weltmeeschter Mick Doohan koum an der Qualifikatioun ni an de Q3 an huet och an de Courssen d’Punkten ëmmer verpasst.
Den Alpine-Beroder Flavio Briatore war kee grousse Fan vum Doohan, wéi eng Zeen an der Netflix-Serie “Drive to Survive” weist: “Ech kontrolléieren dech all Millimeter”, huet de Briatore den Doohan direkt no der Ënnerschrëft vum Kontrakt gewarnt. Donieft huet Alpine de Franco Colapinto als Ersatzpilot engagéiert. Domadder war kloer, dass den Jack Doohan vun Ufank un nëmmen op Sursis ënnerwee ass.
De Franco Colapinto huet d’lescht Saison als Ersatz vum Logan Sargeant bei Williams positiv iwwerrascht. Schonn a senger zweeter Course ass den 21 Joer jonken Argentinier mat engem ënnerleeënen Auto an d’Punkte gefuer, a gouf schonn als zukünftege Weltmeeschter gehandelt. Gläichzäiteg huet de Colapinto sech e puer schwéier Accidenter erlaabt, déi säi Williams-Team deier ze stoe koumen. Um Enn hat Williams keng Plaz fir de Colapinto, esou dass den Argentinier iwwert de Wanter als Ersatzpilot bei Alpine gewiesselt ass. De Flavio Briatore huet hien do net nëmme wéinst sengem Talent, mee och wéinst senge südamerikanesche Sponsore mat oppenen Äerm empfaangen.

© AFP