De 7. Grand Prix vun der Formel-1-Saison 2025 ass deen éischten an Europa.

De Grousse Präis vun der Emilia-Romagna ass och den Optakt vun enger intensiver Zäit. 3 Courssen bannent zwou Wochen. No Imola kommen nämlech op de Weekender hannendrun Monaco an Barcelona. Lo sinn d'Aen awer emol op Italien geriicht.

Virschau op de Grousse Präis vun der Emilia Romagna / Franky Hippert

Dat op engem Circuit mat vill Traditioun, awer och mat vill Drama, wéi zum Beispill 1994 dem déidlechen Accident vun der Legend Ayrton Senna. Bis 2006 gouf um Autodromo Enzo e Dino Ferrari de grousse Präis vu San Marino organiséiert. Zanter 2020 ass et dee vun der Emilia Romagna. Den RTL -Formel -1 -Expert Dominique Riefstahl iwwert de Circuit zu Imola:

"An awer ass deen hautzedaags méconnaissabel. Aus den technesch komplizéierten, extreem séiere Passagë sinn hautzedaags lues Schikanen an 90 Grad Lénkskéieren entstanen. Dobäi kënnt, dass den hënneschte rietse Pneu am meeschte belaascht gëtt an awer d'allgemeng Belaaschtung vun de Pneuen net besonnesch héich ass, wat dozou féiert, dass net vill Degradatioun virkënnt. Gepuert mat engem extreem enke Circuit, enger ganz laanger Boxe-Gaass, féiert alles dozou, dass nëmmen ee Stopp an der Reegel gefuer gëtt."
 
Fir d'Europäer gëtt elo Mol nees zu méi normalen Zäite Formel 1 gefuer. De Grand Prix ass e Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer. Lo zu Imola sinn awer och eng ganz Rei Ecurien, déi e gréisseren Update-Package matbruecht hunn. Dat huet och säi Grond, wéi den Dominique Riefstahl erkläert:

"Firwat grad bei den Europarennen ee Package matbréngen? Ganz einfach, bei Iwwerséi-Renne mussen d'Saache per Fliger eriwwer geflu ginn, an dann normalerweis ee bis zwee Deeg dedouanéiert ginn. Déi ee bis zwee Deeg spuert ee sech an Europa. Wann de Carnet richteg ausgefëllt ass, huet een d'englesch Grenz relativ séier iwwerschratt an et ass ee bannent engem Dag mat zwee Chaufferen op bal all Circuit an Europa. Fir Ecurien wéi Ferrari, Sauber oder Racing Bulls ass et souguer nach esou no, dass se nach e weideren Dag Produktiounszäit kënne gewannen. An d'Ecurië stiechen natierlech léiwer déi Zäit nach an zousätzlech aerodynamesch Entwécklung, wéi elo d'Stécker fréizäiteg fäerdeg ze maachen, an un de Circuit ze schécken."
 
Am Klassement vun der Fuerer-Weltmeeschterschafft stinn am Moment déi zwee McLaren-Piloten Oscar Piastri a Lando Norris un der Spëtzt. Den Australier läit mat 131 Punkten 16 virum Britt an 32 virum Hollänner Max Verstappen op Red Bull. Papaya dierft och dëse Weekend nees nëmme schwéier ze schloe sinn, seet den RTL -Formel -1 -Expert:

"Si hunn dee séiersten Auto souwuel am Qualifying wéi och am Race Trim an awer huet een an der Tendenz iwwert déi lescht Course gesinn, dass souwuel Mercedes wéi och Red Bull hinnen ëmmer méi op de Pelz réckelen. Wann eng vun deenen zwee Ecurien elo och nach e gutt funktionéierende Package matbréngt, dobäi eng Zéngtel gewënnt, da kann et duerchaus sinn, dass se am Qualifying gläich opzéie mat McLaren. Wann een dann och nach a Betruecht zitt, dass Imola ee Quali-dominéierte Circuit ass, an dass een duerchaus Race Pace kann opfere fir besser Qualifying Pace, da kann et duerchaus sinn, dass et emol eng Kéier e bësse méi Krämpes gëtt, fir McLaren, fir do de ganze Weekend ze dominéieren."
 
No der leschter Course virun zwou Wochen zu Miami hunn déi meescht aus dem Formel-1-Zirkus dovu profitéiert, fir sech e bëssen ze erhuelen. An där Paus ass och sou munches bei Alpine geschitt. Den Australier Jack Dohan gouf elo Mol fir fënnef Coursen duerch den Argentinier Franco Colapinto ersat. An den Teamchef Oliver Oakes huet d'Bengle bei d'Tromm geheit. Et mierkt een, de Flavio Briatore, Beroder vum Alpine F1-Team, ass definitiv zeréck an der Formel 1. Mam Ausgang vun der Course dierft d'franséisch-brittesch Ecurie awer och dës Weekend näischt ze dinn hunn.