Eng Mëschung aus Traditioun an Innovatioun

© Val Wagner - rtl.lu
5 Etappe, 695 Kilometer, dorënner en Zäitfuere vu 26km, stinn um Programm vum Skoda Tour 2025, deen nächste Mëttwoch an der Stad ufänke wäert.
Nodeems d'Editioun 2024 mat groussen Nimm wéi Van der Poel, Tiberi a Gaudu gefëllt war, versprécht de Plateau u Coureuren och dëst Joer eng interessant Course. De Präsident vum Skoda Tour de Luxembourg Andy Schleck:
"Dëst Joer wäerte mir e ganz ganz staarke Peloton hunn, deen an der Breet vläicht nach méi staark ass wéi dee vum leschte Joer, mat Leit déi wierklech wëlle Course fueren. De Ben Healy, deen en impressionanten Tour de France gefuer ass, kënnt heihin, fir seng lescht Course virun der WM ze fueren. Ech denken d'Breet vum Peloton ass super."
Et soll eng spannend a spektakulär Editioun ginn, mat der Arrivée vun der éischter Etapp um Fëschmaart an der Stad. Zejoert hat sech den deemolege Weltmeeschter Mathieu van der Poel duerchgesat. Duerno sinn d’Sprinter zu Mamer gefuerdert, wou et op e Massesprint erauslafe wäert. De Frank Schleck aus dem Organisatiounsteam:
"Lëtzebuerg ass bësse wéi eng Achterbunn. Mir hunn zwar keng héich Bierger, mee ëmmer een immens schwéiere Profil. Dofir wollte mir op d'Coureure lauschteren a probéieren, eng pur Etapp fir d'Sprinter maachen."
Wéi och virun zwee Joer ass déi drëtt Etapp d’Kinneksetapp mat der Arrivée am Schlass zu Veianen. 2023 Joer hat sech do den Ben Healy duerchgesat. Den Ir gehéiert och dëst Joer zum enke Krees vun de Favoritten.
En neit Element ass de "Spuerkeess Bonus Sprint", deen op all Etapp an de leschte 60 Kilometer vum Dag läit. Do kënne Bonifikatioune fir de General (3, 2 an 1 Sekonn) gesammelt ginn, grad esou wéi finanziell Primmen.
Déi Lëtzebuerger Nationalekipp schéckt sechs Coureuren an d'Course, dorënner den Etappevainqueur vum Tour de L’Avenir Mathieu Kockelmann. Am Total stinn aktuell 10 Lëtzebuerger Coureuren an der Startlëscht. Dir kënnt de Skoda Tour vum 17. bis den 21. September live op RTL an am Stream bei eis verfollegen.