Fir dëse Sonndeg steet an der Gemeng Hesper eng Gravelbike-Course un, dës huet wéinst dem massive Ree vun Ufank der Woch allerdéngs mussen adaptéiert ginn.

Besonnesch am Beräich ronderëm d'Gantebeensmille wier et zu massive Schied um Parcours komm, sou datt dësen net méi a senger ursprénglecher Form ka befuer ginn, erkläert eis de Paul Thiltges vum Veräin "Le Guidon Alzeng", deen d'Course organiséiert. Et hätt een de Wee an deene leschten Deeg gepréift, wier en och selwer gefuer an doropshin zur Conclusioun komm, datt eng Verkierzung néideg wier. Eng komplett Annulatioun war keng Optioun, esou de Paul Thiltges, dee betount, datt knapp 100 Coureuren aus aller Welt sech fir d'Course ugemellt hunn. Dowéinst an och well et déi éischt Editioun vun der Course ass, déi vum LG Alzeng organiséiert gëtt, wéilt een ënner kengen Ëmstänn ofsoen.

En Donneschdeg an der Mëttesstonn huet den LG Alzeng dann och nach emol d'Adaptatioune vum Parcours an engem Schreiwes confirméiert a preziséiert. Méi Detailer zum entstanene Schued op de betraffene Plaze konnt eis d'Gemeng Hesper op Nofro à ce stade net ginn.

Schreiwes vum LG Alzeng

Communiqué de presse

11 septembre 2025

Premier LGA Gravel Fondo – Dimanche 14 septembre 2025 à Hesperange

Ce dimanche 14 septembre 2025, le club LG Alzingen organise son premier LGA Gravel
Fondo, avec un départ à 9h30 devant le centre sportif Holleschbierg à Hesperange.
Deux distances étaient initialement prévues :

• Fondo : 100 km
• Medio Fondo : 50 km

La bonne nouvelle : l’événement aura bien lieu malgré les fortes pluies tombées lundi, qui
ont gravement endommagé une partie du parcours.
Durant les derniers jours, l’organisation a procédé à plusieurs inspections sur place afin
d’évaluer la situation et d’envisager des solutions. Finalement, pour garantir le maintien de la
course en toute sécurité, le tracé a été adapté et raccourci.

Les nouvelles distances de course sont :

• Medio Fondo : 3 boucles
• Fondo : 6 boucles

À ce jour, 94 participant(e)s sont déjà inscrit(e)s. Les inscriptions de dernière minute seront
possibles sur place, le dimanche matin, entre 8h00 et 8h30.
Nous serions ravis que vous relayiez cette première historique pour notre club dans vos
médias et que vous nous rejoigniez dimanche pour votre reportage.