Éischten Interview vum neie Red-Bull-Teamchef Laurent Mekies
E Mëttwoch gouf de Christian Horner als CEO an Teamchef vu Red Bull Racing duerch de Laurent Mekies ersat. Den neie Chef huet sech elo virgestallt.
Och wann de grousse Chef ausgewiesselt gouf, fir d’Red-Bull-Mataarbechter muss den Alldag weidergoen. Um Donneschdeg war d’Ekipp fir Tester zu Silverstone. Geleeënheet fir de Laurent Mekies, sech virzestellen. De Fransous kënnt vun der Schwësterecurie Racing Bulls, war do zënter Ufank 2024 Teamchef. Virdru war hie fënnef Joer laang bei Ferrari. Hie freet sech op seng nei Erausfuerderung: "Ech kann et net erwaarden, fir esouvill wéi méiglech Leit vun dësem fantasteschen Team ze treffen. Ech wëll d’Magie, d’Jongen an d’Meedercher, déi hannert de Kulisse fir dës Magie responsabel sinn, kenneléieren. Domadder wäert ech meng nächst Woche verbréngen, esouvill Leit wéi méiglech ze treffen. Hinnen nozelauschteren an dës magesch wonnerbar Red-Bull-Formel-1-Maschinn ze verstoen an esou erauszefannen, wéi ech hinnen eventuell hëllefe kann."
Nach ëmmer äussert Red Bull sech net zu den Ursaachen, firwat ee sech vum Christian Horner getrennt huet. Mä esouwuel de Gedrénkskonzern wéi och de Max Verstappen schéine beméit ze sinn, kee schlecht Wuert iwwert de fréiere Chef ze verléieren. Och de Laurent Mekies ënnersträicht d’Exploite vu sengem Virgänger: "Mir sinn eis virun 20 Joer begéint, wou hien dee jéngsten Teamchef an der Formel 1 war. Et kann een net beschreiwen, wat hien zënterhier alles geleescht huet, fir eis op dee Level ze bréngen, wou mir haut sinn, mat deene ganzen Titelen a Victoiren. Et war och de Christian, zesumme mam Helmut (Helmut Marko, Red-Bull-Motorsportberoder) a mam Oliver (Oliver Mintzlaf, Red-Bull-Sportchef), dee mech virun zwee Joer zeréck an d’Red-Bull-Famill geholl hunn. Dofir denken ech haut virun allem un hien."
Wéi hien déi sportlech Kris bei der Ecurie léise wëllt, an ob de Max Verstappen elo bei Red Bull bleift, dat huet de Laurent Mekies an dësem Interview, deen eis vu Red Bull selwer zur Verfügung gestallt gouf, leider net verroden.