Oscar Piastri start am Sprint e Samschdeg vun der éischter Plaz

© AFP
E Freidegnomëtteg war am Sprint Qualifying zu Spa den Oscar Piastri dee Séiersten.
De McLaren-Pilot konnt sech am decisiven SQ3 relativ däitlech virum Max Verstappen an dem Lando Norris behaapten a geet domadder am Sprint e Samschdeg vun der 1. Plaz un den Depart.
Bei dréchene Wieder- a Circuit-Konditioune war et um 16.30 Auer pünktlech mam SQ1 lassgaangen, wou et dann och schonn een éischte Réckschlag fir Ferrari ginn ass. De Lewis Hamilton konnt seng Zäit duerch een Dréier net méi verbesseren a war domadder scho fréizäiteg eliminéiert. Och fir de Mercedes-Pilot Kimi Antonelli gouf et eng Schrecksekonn, wéi hien d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer hat an hannerzeg an de Kräsi gedréint ass. Nom SQ1 war et also fir den Alexander Albon, Nico Hülkenberg, Lewis Hamilton, Franco Colapinto an de Kimi Antonelli net méi weidergaangen.
Am SQ2 huet de Leader aus dem WM-Klassement dann awer kuerz missen zidderen. Fir den Oscar Piastri ass et mat der 10. Plaz awer nach esou just duergaangen, sech eng Plaz am SQ3 ze sécheren. Eliminéiert waren de Liam Lawson, Yuki Tsunoda, George Russell, Fernando Alonso an de Lance Stroll. Iwwerrascht huet den Esteban Ocon, dee mat sengem Haas op déi 3. Plaz gesprongen ass.
Am decisiven SQ3 ass et dann ëm d'Placéierung vun der Top10 gaangen, wou den Oscar Piastri dann awer nees ganz uewe mat derbäi war. Um Enn steet hie mat bal enger hallwer Sekonn Ecart op der éischter Plaz, dat virum Max Verstappen am Red Bull an dem Lando Norris.
Den Depart vum Sprint ass e Samschdeg de Mëtteg um 12.00 Auer, deen Dir op en Neits vun 11.30 Auer un op RTL mat live Interventioune vun der Plaz suivéiere kënnt.