Max Verstappen wënnt Sprint an der Belsch

© DIMITAR DILKOFF / AFP
Den Hollänner huet sech virun den zwee Papaya-Pilote behaapt.
De Max Verstappen huet e Samschdeg de Moien de Sprint beim Grousse Präis vun der Belsch gewonnen. De Weltmeeschter op Red Bull war um Circuite Spa-Francorchamps vun der zweeter Plaz gestart an hat an der éischter Ronn den Oscar Piastri op McLaren iwwerholl. Bis zum Schluss vun den 105 Kilometer sollt sech dorunner näischt méi änneren. Op déi zweete Plaz kënnt deemno de WM-Leader Oscar Piastri. Drëtte gëtt de Lando Norris am zweete McLaren.
Fir de Max Verstappen ass et déi 12. Victoire an engem Sprint.

© SIMON WOHLFAHRT / AFP
Um Depart konnt den Oscar Piastri op McLaren seng éischt Startplaz géintiwwer dem Weltmeeschter Max Verstappen op Red Bull verdeedegen. Laangt sollt dat awer net halen, well nach an der éischter Ronn konnt den Hollänner den Australier iwwerhuelen. An der Riichter vu Kemmel konnt de Piastri de Verstappen net hannert sech halen. Hannendru koum et zu engem weideren Iwwerhuelmanöver. De Charles Leclerc op Ferrari konnt laanscht de Lando Norris op McLaren zéien an op déi drëtte Plaz no vir fueren. An der véierter vun de 15 Ronnen huet den Norris de Leclerc nees iwwerholl, fir sech seng drëtte Plaz zeréckzehuelen.
An de lescht fënnef Ronnen ass de Sprint zu engem Dräikampf ginn. Un der Spëtzt weiderhin de Verstappen, dat mat engem Virsprong vu ronn enger hallwer Sekonn op de Piastri a ronn enger Sekonn op den Norris. Um Enn sollt et zu kengem Iwwerhuelmanöver méi kommen. Esou datt no 105 Kilometer de Verstappen virum Piastri an dem Norris gewënnt.