Den Oscar Piastri gewënnt seng sechst Course an dëser Saison virum Lando Norris an dem Charles Leclerc. De Max Verstappen koum sou just net op de Podium.

Den Oscar Piastri konnt d'Course an der Belsch, déi am Ufank vum Reen dominéiert gouf, kloer virum Lando Norris gewannen. Hie konnt säi Co-Equipier fréi iwwerhuelen an huet d'Course souverän gewonnen. Et ass déi drëtt Victoire vu McLaren hannerteneen an déi sechst Victoire fir den Australier an dëser Saison. De Charles Leclerc konnt de Max Verstappen hannert sech halen a klëmmt mat op de Podium. Den George Russell gëtt als beschte Mercedes-Pilot Fënneften. Den Alexander Albon realiséiert mat Plaz 6 e gutt Resultat fir Williams a léisst de Lewis Hamilton hannert sech. Déi lescht Plaze ware fir de Liam Lawson, de Gabriel Bortoleto an de Pierre Gasly. Am Generalklassement baut de Piastri seng Féierung op den Norris an de Verstappen weider aus.

De Start gouf wéinst de Reeschauere virun der Course an dem Spray um Circuit beim Formatiounstour ëm 75 Minutten no hanne geréckelt. Well nach ëmmer vill Waasser um Circuit stoung, gouf d'Course hannert dem Saftey Car gestart. No véier Tier gouf d'Course du richteg lancéiert.

RTL

© AFP

Well de 7 Kilometer laange Circuit an de belschen Ardenne séier gedréchent ass, koum de Racefeeling bei de Piloten an de Spectateure méi fréi op wéi erwaart. De Piastri hat sech den Norris séier gekroopt an d'Féierung iwwerholl.

An der 12. Ronn koum et zu den éischte Pneuewiesselen, virun allem hannen am Feld. Den Hamilton, de Gasly, den Hülkenberg an den Alonso hunn dee Schratt als Éischt gewot. D'Spëtzeleit hu kuerz drop reagéiert. Den Tsunoda an den Ocon hunn zimmlech spéit gewiesselt a kruten dofir d'Rechnung.

De Lewis Hamilton huet sech lues a lues no vir geschafft - hie war aus der Boxegaass gestart - a louch no 25 Tier schonn op der 7. Positioun, op där hie schlussendlech och ukoum. Hien huet dovu profitéiert, dass hie fréi op Slicks gewiesselt war a sou vill Positioune guttmaache konnt. Och den Hülkenberg, deen och aus der Boxegaass gestart war, louch op eemol an den Topp 10. Nom zweete Stop ass den Däitschen awer aus de Punkte gefall.

Un der Spëtzt hunn d'Pneuewiesselen net zu ville Changementer geféiert. De Piastri ass d'Course souverän op en Enn gefuer, och well den Norris e puer Feeler agebaut huet a sou net méi u säi Co-Equipier eru koum. Dat selwecht Spill huet sech tëscht dem Leclerc an dem Verstappen ofgespillt.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 MOËT & CHANDON BELGIAN GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025