De Max Verstappen fiert och d’nächst Joer fir Red Bull, dat huet de Motorsportberoder vu Red Bull, den Helmut Marko confirméiert.

Virdrun hat déi hollänesch Zeitung “De Telegraaf” geschriwwen, datt en Abschid no dëser Saison fir de 27 Joer alen Hollänner keen Thema méi wär. Eng méiglech Ausstigsklausel wier nom grousse Präis vun der Belsch verfall, esou den Telegraaf, well den Titelverdeedeger bis d'Summerpaus op alle Fall ënnert de beschten Dräi vun der Fuererwäertung leie wäert. De Verstappen huet aktuell 28 Punkte Virsprong op den George Russell op Plaz 4. Eng méi schlecht Positioun wéi Plaz 3 hätt dem Verstappen wuel via Klausel d'Chance op e virzäitege Wiessel erméiglecht. Säi Kontrakt bei Red Bull leeft nach bis 2028.

Iwwer e Wiessel vum Verstappen vu Red Bull bei Mercedes ass déi lescht Méint vill spekuléiert ginn.