Nach virun der Summerpaus huet Ferrari annoncéiert, dass de Kontrakt mam Frédéric Vasseur als Teamchef verlängert gouf.

Am Januar 2023 huet de Frédéric Vasseur d’Rudder bei der Scuderia iwwerholl. Zënterhier goung et liicht biergop bei den Italiener, mee déi ganz grouss Erfolleger, wéi reegelméisseg Victoiren oder WM-Titele bloufen awer nach ëmmer aus. 
 
Och de Lewis Hamilton deet sech bei den Italiener méi schwéier wéi erwaart. Gläichzäiteg falen d’Ferrari-Ingenieuren dëst Joer erëm mat gewote Strategien a konfuse Funkspréch op. A well gewosst ass, dass déi italieenesch Zündschnouer dacks zimmlech kuerz ass, gouf am F1-Paddock séier driwwer spekuléiert, dass de Kontrakt vum Frédéric Vasseur no dëser Saison net verlängert gëtt, respektiv dass hien esouguer nach wärend der Summerpaus ausgetosch gëtt. Als méigleche Successeur gouf am Fréijoer den deemolege Red-Bull-Teamchef Christian Horner an d’Spill bruecht.

Elo stellt d’Scuderia Ferrari awer kloer: "Eisen Teamchef ass a bleift de Frédéric Vasseur". De 57 Joer ale Fransous kritt also ausdrécklech d’Vertrauen ausgeschwat. Säi Kontrakt gëtt "ëm méi Joer" verlängert. 
 
An engem Ferrari-Statement, deen um Donneschdegmoie verëffentlech gouf, heescht et an engem liicht patheteschen Toun:

"Dës Verlängerung weist eise Wëllen, weider op deem Fundament opzebauen, dat bis elo geschafe gouf. Dem Fred seng Fäegkeet, ënnert Drock ze féieren, Innovatiounen z’erméiglechen a konsequent no Leeschtung ze sichen, deckt sech mat de Wäerter an de laangfristegen Ziler vu Ferrari. Ënnert dem Fred senger Féierung zitt d’Scuderia un engem Strang, a fokusséiert sech op de permanente Fortschrëtt. Eist Vertrauen an de Fred spigelt d’Vertraue vun der Scuderia a seng strategesch Ausriichtung erëm an ënnersträicht de gemeinsame Wëllen, déi Resultater ze liwweren, déi d’Fans, d’Piloten an d’Teammembere vu Ferrari erwaarden an och verdéngen."