An der Formel 1 muss de Fernando Alonso den éischte fräien Training am Kader vum Grousse Präis vun Ungarn ausloossen.

An der Formel 1 muss de Fernando Alonso den éischte fräien Training am Kader vum Grousse Präis vun Ungarn haut ausloossen. Den 44 Joer alen Aston Martin Pilot, dee virun 3 Deeg Gebuertsdag hat, huet sech nom Grousse Präis vun der Belsch zu Spa virun enger Woch, eng muskulär Blessure um Réck zougezunn.

De Spuenier gëtt am éischte fräien Training duerch de 25 Joer alen brasilianeschen Reservpilot  Felipe Drugovich ersat. Wéi et fir de Rescht vum Weekend fir den Alonso weider geet muss an den nächste Stonne gekuckt ginn, heescht et vun der brittescher Ecurie.

Den éischte fräien Training kënnt dir um Freideg vun 13.30 Auer u Live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee an online op rtlplay suivéieren. Den Depart vum Grand Prix ass e Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer.