"Am Qualifying sinn déi zwou lescht 180-Grad-Kéiere besonnesch tricky"

© Nicolas Economou / NurPhoto / NurPhoto via AFP
Éiert et an der Formel 1 an d'Summerpaus geet, waart mam Grousse Präis vun Ungarn nach emol eng Erausfuerderung op Mënsch a Maschinn.
Den Hungaroring gëtt och dacks als "grouss Kartingspist" respektiv als "Monaco ouni Maueren" bezeechent. Elo zu Budapest kéint awer nees déi nämmlecht Faarf dominéiere wéi an de leschten Wochen schonn.
An dat ass Papaya. McLaren ass dës Saison nëmme schwéier ze schloen. Zéng vu véierzéng Coursen hunn d'Piloten Oscar Piastri a Lando Norris gewonnen. Am Weltmeeschterschaftsklassement huet de Piastri un der Spëtzt 16 Punkten Avance op säin Equipier a schonn 81 op de Max Verstappen op Red Bull. Zu Budapest dierft d'Dominanz vu McLaren nëmme schwéier ze brieche sinn.
Den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:
"Um Hungaroring ass McLaren weiderhi kloer Favorit. Allerdéngs kéint Ferrari e Wiertche matschwätzen. Si hunn zu Monaco och mat ëm d'Pole gekämpft. A vun der Charakteristik hier ass de Circuit zu Monte Carlo an dee vum Hungaroring extreem änlech. Si verlaangen allebéid maximalen Downforce, si verlaange gutt Stabilitéit beim Richtungswiessel an eng ganz gutt mechanesch Traktioun. Dohier déi Ecurien, déi zu Monaco gutt waren, missten och an Ungarn gutt sinn. Allerdéngs muss een nach kucke wéi d'Auswierkung ass vun der neier hënneschter Suspensioun fir Ferrari an ob dat hinnen am mechanesche Beräich e bëssen eppes kascht huet. "
Zu Spa virun enger Woch war Ferrari mam Charles Leclerc viru Red Bull mam Max Verstappen. Dat war virun allem op de Setup zréckzeféieren.
"De Max Verstappen huet ganz kloer op e Reen-Setup gesat. De Reen war zwar do, awer nëmme fir ongeféier zéng Ronnen an de Rescht vum Grand Prix ass am Dréchene gefuer ginn. Do konnt säi Red Bull dann op der Riichter net méi säi Potenzial ausfueren. De Ferrari op där anerer Säit hat u sech manner Chancen am Reen. Dat huet een och gesinn am Ufank vun der Course an ass méi configuréiert gewiescht fir eng dréche Course, well si och am Viraus scho gesot hunn, dass si net wierklech e Reen-Setup hunn."
De 4,38 km laangen Hungaroring ass e Circuit mat zwee Gesiichter, seet den RTL Formel 1 Expert.
"Start-Zil läit uewen op engem Bierg. Si huet lénks a riets direkt zwou 180-Grad-Kéieren, déi dohinner féieren. Dat ass eng Strapaz virun allem fir déi baussecht fiicht Pneuen, well déi Kéieren extreem laang gezu sinn an de Pneu do richteg Problemer huet, de Gripp ze fannen. Am Qualifying sinn déi lescht zwou 180-Grad-Kéiere besonnesch tricky, well den Auto do ukënnt no engem zweete Secteur, deen zimmlech verwénkelt ass an d'Pneue souwisou schonn iwwerhëtzt sinn an do kann een duerchaus zwee, dräi, véier Zéngtel eleng an deene leschten zwou Kéiere verléieren, wann d' Balance net méi stëmmt an den Auto dauernd hannen ausbruecht."
Den Hungaroring ass eng grouss Kartingspist, Monaco ouni Maueren oder och nach den ungaresche Bakuewen. Op d'mannst wat d'Meteo ugeet, kéint et dëst Joer e bëssen anescht si wéi soss. E Sonndeg ass Ree gemellt, an dat bei Temperaturen ëm déi 24 Grad. Virun engem Joer gouf et en Doublé fir McLaren zu Budapest. Den Oscar Piastri huet sech virum Lando Norris duerchgesat. Virun 12 Méint stoung och de Lewis Hamilton nach um Podium, do nach als Mercedes -Pilot.
An ob de Lewis Hamilton et elo mat der Ferrari-Kombinaison op de Podium packt, kënnt dir natierlech nees Live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee, an online op rtlplay suivéieren. Den Depart vum Grousse Präis vun Ungarn ass e Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer, de Virprogramm bei de Kolleege vun der Tëlee fänkt um 14.15 Auer un.
Programm vum F1-Weekend
Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL PlayFreideg, 1. August 2025: 13h25 – 14h35
Commentaire:Tom Hoffmann
Freideg, 1. August 2025: 16h55 – 18h05
Commentaire: Tom Hoffmann
Samschdeg, 2. August 2025: 12h25 – 13h35
Commentaire: Tom Hoffmann
Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play
Samschdeg, 2. August 2025:
Ufank vun der Emissioun: 15h55
Start vun der Qualifikatioun: 16h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 17h10
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl
Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play
Sonndeg, 3. August 2025:
Ufank vun der Emissioun: 14h15
Depart vun der Course: 15h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 17h15
Commentaire: Serge Pauly a Franky Hippert
Expert: Dominique Riefstahl