Laang gouf spekuléiert, wéi eng Piloten 2026 fir déi nei Ecurie Cadillac fueren. Elo ass et offiziell: déi amerikanesch Autosmark setzt op Erfarung.

2026 kritt d’Formel 1 Nowuess. Déi amerikanesch Autosmark Cadillac wäert als 11. Ecurie an d’Kinneksklass vum Motorsport eraklammen. Dat heescht, dass zwee weider F1-Cockpitten ze besetze sinn.

Laang gouf driwwer spekuléiert, mat wéi enge Pilote Cadillac seng éischt F1-Saison an Ugrëff huele wëllt. Um Dënschdeg huet d’Cadillac Formula 1 Team dann offiziell matgedeelt, dass Bottas a Pérez den Zouschlag kruten.

Cadillac léisst sech also net op Experimenter mat engem US-Pilot ouni F1-Erfarung an, mee setzt op zwou bekannte Gréissten. Den aktuelle Mercedes-Testpilot Valtteri Bottas an de fréiere Red-Bull-Pilot Sergio Pérez kommen zesummen op 527 Grand-Prixen, 16 Victoiren an 90 weider Podiumsplacéierungen.

Hannert de Kulisse goufen dës zwee Nimm scho méi laang gehandelt. Vill Experte ware schonn dovunner ausgaangen, dass de Mexikaner Pérez beim Miami-Grand-Prix am Mee als neie Cadillac-Pilot annoncéiert géif ginn. An de Valtteri Bottas hat sech am Juni selwer mat engem kreative Video an d’Gespréich bruecht.

Elo ass gewosst, dass Cadillac sech d’Talent vu béiden erfuerene Pilote geséchert huet. De Finn Valtteri Bottas freet sech op dës nei Erausfuerderung: “Vun deem Moment un, wou ech mat Cadillac geschwat hunn, hunn ech gespiert, dass dëse Projet aneschters ass. Cadillac huet eng laangfristeg Visioun. Et kritt een net all Dag d’Chance fir esou eppes vun Ufank u mat opzebauen. Ech hu scho mat deene beschten Ecurien an der Welt zesummegeschafft, a Cadillac huet elo schonn dee selwechte Professionalismus.”

Am Cadillac-Pressecommuniqué gëtt net preziséiert, fir wéi laang béid Pilote sech bei Cadillac engagéiert hunn. Beim Valtteri Bottas ass och net kloer, wéi laang hie seng Aufgaben als Mercedes-Testpilot nach erfëlle muss oder däerf, a wéini hie bei sengem neie Patron ufänke wäert.

De Sergio Pérez schéngt dogéint direkt disponibel ze sinn. De Mexikaner gouf jo no der Saison 2024 bei Red Bull erausgehäit a kann elo scho mat sengem Knowhow bei der Entwécklung vum Cadillac-F1-Auto hëllefen. Och hien ass vu sengem neie Projet iwwerzeegt: “Cadillac ass ee legendären Numm am US-Motorsport, an et ass eng grouss Responsabilitéit, esou eng fantastesch Firma an d’Formel 1 ze bréngen. Mee ech si ganz zouversiichtlech. Ech sinn houfreg, vun Ufank u bei esou engem ambitiéise Projet dobäi ze sinn.”

Cadillac schafft aktuell an dräi Fabricken un hirem neien F1-Auto. Zwou Fabricke sinn an den USA, zu Fishers an zu Charlotte, an eng Fabrick ass an England zu Silverstone. Mëttelfristeg wëllt General Motors och en eegenen F1-Motor bauen. Um Ufank schafft Cadillac mat Ferrari zesummen. Déi amerikanesch Autosmark bedreift elo scho groussen Opwand, fir hiren F1-Projet an Zeen ze setzen. Esou goufen déi nei Pilote Bottas a Pérez ënner anerem an engem opwännege Video mam Schauspiller Keanu Reeves annoncéiert.