McLaren och no der Summerpaus de Favorit an Holland
3 Woche waarden, sinn eriwwer. D'Formel 1 ass zréck aus der Summerpaus an de Weekend ass zu Zandvoort an Holland déi 15. Manche vun der WM.
Et ass d’Heemspill vum Max Verstappen, allerdéngs dierft et fir de Red Bull Pilot schwiereg ginn, virun heemeschem Public eng Victoire ze feieren.
Den aktuelle Constructeursweltmeeschter ass nees de Favorit. De Lando Norris hat d'lescht Joer de Grand Prix an Holland gewonnen an och dëse Weekend dierft et net evident ginn, fir McLaren ze schloen. Den RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl geet dovun aus, dass mir en Déjà-Vu wéi viru 3 Wochen zu Budapest an Ungarn erliewe kéinten.
"D’McLaren sinn de ganz klore Favorit fir dëse Weekend. Si hunn den Auto, deen de meeschten Appui produzéiert, op engem Circuit, dee genau dat verlaangt an hunn en Auto, deen zimmlech op all Circuit funktionéiert. Et gëtt näischt drun ze réckelen. Si sinn absolut haushéich Favoritten. Allerdéngs muss ee kucken, virun dräi Wochen an Ungarn konnt Ferrari op Pole fueren. Si hunn och zu Monaco an op anere Circuiten, wou Appui verlaangt ass, gutt funktionéiert. Si kéinten do duerchaus e Wiertche matschwätzen. Allerdéngs muss ee soen, realistesch bleiwen. Si kéinten am Qualifying staark sinn, an der Course éischter manner. Déi aner Onbekannt ass Mercedes. Mir wëssen, si funktionéiere gutt, wann d'Temperature méi kal sinn. Et si méi kal Temperature virgesi fir dëse Weekend."
Zanter dem Retour 2021 an den Düne vun der Nordséi stoung keen anere ganz uewen um Podium wéi de Max Verstappen. Déi Serie ass jo bekanntlech d'lescht Joer gerass. Och e Sonndeg dierft net evident gi fir den Hollänner, ganz uewen um Podium ze stoen.
"Wann een elo d'Courssen an Ungarn, zu Monaco a Spuenien kuckt, alles Circuiten, wou ee maximalen Appui brauch, ass dat alles net onbedéngt Red-Bull-Territoire, deementspriechend muss een dovun ausgoen, dass Holland och elo net onbedéngt eng Max Vestappen-Show gëtt, an awer wësse mer alleguer, et kann een ni d'Rechnung ouni den Hollänner maachen. Wéi vill kënnen d'Fans dozou bäidroen, wéi vill kann d'Wieder an d'Wieder-Kaprioulen dozou bäidroen, dass hien awer eng Chance huet... ech géifen ni ganz ausschléissen."
Zandvoort, do wou dëse Weekend gefuer gëtt, ass en Old-School-Circuit dee 4.2 Kilometer laang ass an ëmmer eng Erausfuerderung fir d’Piloten an Ingenieuren ass, fir déi richteg Astellungen ze fannen, dass den Auto optimal funktionéiert.
"Et ass ee Circuit, deen e bëssen alles verlaangt. Et brauch een eng prezis Plattform, fir kënnen den Auto optimal ze placéieren. Et brauch een eng stabil Plattform, fir dass den Auto och wierklech do bleift, wou een en higesat huet. Et si fléissend Kéieren, déi aneneen iwwerginn, wou de Pilot muss kënnen den Auto esou placéieren, dass et och fir déi nächst zwou, dräi, véier Kéiere passt. A schlussendlech sinn et Kéieren, déi ënnerschiddlech Linnen erlaben. Dat heescht, et kann ee relativ vill Variatioun gesinn an et kann een duerchaus als Pilot de klengen, awer feinen Ënnerscheed maachen, op enger dach relativ kuerzer Ronn, ass do deen extra Zéngtel duerchaus Gold wäert."
Wéi Piloten aus der Summerpaus kommen a wien den extra Zéngtel fënnt? Déi éischt Informatioune ginn um Freideg am fräien Training Live gesammelt, deen dir Live op RTL Zwee kucke kënnt.
Den Depart ass e Sonndeg um 15 Auer, de Virprogramm fänkt um 14.15 Auer un.