Den Oscar Piastri séchert sech d'Pole virum Lando Norris
Zanter 2021 huet um Circuit zu Zandvoort ëmmer de Pole-Setter d'Course gewonnen.
An dat ass dës Saison de McLaren-Pilot Oscar Piastri, deen 12 Dausendstel méi séier war wéi säi Coequipier Lando Norris. Et ass déi 5. Pole Position vum Piastri senger Karriär.
De Red-Bull-Pilot Verstappen an den Hadjar (Racing Bulls) hunn et op d'Plazen 3 a 4 gepackt. De Russell op Mercedes start vun der 5. Plaz aus, dat virun den zwee Ferrari-Piloten Leclerc an Hamilton.
Fir den Antonelli (Mercedes) an den Tsunoda (Red Bull) war am Q2 Feierowend. Donieft war de Qualifying och fir de Bortoleto (Sauber), de Gasly (Alpine) an den Albon (Williams) eriwwer.
Am Q1 war no engem Crash Schluss fir de Stroll um Aston Martin. Och de Colapinto (Alpine), den Hülkenberg (Sauber) an den Haas-Duo Ocon a Bearman hunn den Auto scho mussen ofstellen.
D'Course kënnt Dir e Sonndeg vu 14h15 un op RTL ZWEE an um RTL Play suivéieren. Den Depart ass um 15h00.