Laang huet et no enger weiderer Duebel-Victoire fir McLaren ausgesinn. Kuerz viru Schluss huet den Auto vum Lando Norris dann awer de Geescht opginn.

E Sonndeg huet sech den Oscar Piastri d'Victoire beim Grousse Präis vun Holland geséchert. De McLaren-Pilot war vun der Pole Position gestart a konnt dës bis zum Schluss verdeedegen. Dramatesch war et op der Plaz hannendrun. Duerch eng Ueleg-Fuite bei sengem Auto huet de Lando Norris siwe Ronne viru Schluss missen d'Course abandonéieren. De Podium komplettéiert huet deemno de Max Verstappen op Red Bull an den Isack Hadjar am Visa Cash App RB. Fir d'Ecurie vu Ferrari war et donieft eng Course fir ze vergiessen, béid Pilote sinn d'Course net bis op en Enn gefuer.

Am WM-Klassement baut den Oscar Piastri säi Virsprong op de Lando Norris op elo 35 Punkten aus.

Resumé

Aus der éischter Rei si béid Autoe vu McLaren an d'Course gestart. Wärend den Oscar Piastri seng Pole Positon verdeedege konnt, huet de Max Verstappen sech op de Soft-Pneuen direkt an deenen éischte puer Kéiere laanscht de Lando Norris op déi zweet Plaz gesat. Dat huet sech de Britt awer net all ze laang gefale gelooss a konnt sech seng Plaz e puer Ronne méi spéit schonn nees zréckhuelen. Een Aspekt, deen d'Course e Sonndeg liicht onberechenbar gemaach huet war d'Wieder an d'Fro, ob a wéini de Reen de Circuit treffe kéint.

En éischt Affer vun den éischten Drëpse war de Lewis Hamilton, fir deen an der 23. Ronn no enger Kollisioun mat der Mauer d'Course eriwwer war. Nom Tëschefall ass de Safety Car op de Circuit komm, wat vun de Pilote fir en éischte Boxestopp genotzt ginn ass, fir op Haart Pneuen ze wiesselen.

An der 53. Ronn hat dann och den zweete Ferrari-Pilot méi fréi wéi gewënscht Feierowend. Well de Kimi Antonelli an der Kéier Dräi e Stéck ze wäit rauskomm ass, huet hien de Charles Leclerc um hënneschte Pneu erwëscht, sou datt den Auto accidentéiert ass. Op en Neits ass de Safety Car op de Circuit komm, sou datt d'Feld fir déi lescht 15 Ronnen nach eemol zesummegedréckt gouf. Un der Spëtzt huet et awer net dono ausgesinn, wéi wa sech um Podium nach eppes änner géing.

Siwe Ronne viru Schluss dann awer de Schock fir de Lando Norris. Wéi aus dem Näischt huet eng Ueleg-Fuite dofir gesuergt, datt de Britt säin Auto op d'Säit stelle misst. Domadder war d'Course op batter Aart a Weis eriwwer an de Max Verstappen an Isack Hadjar hu vun hanne profitéiert, fir sech d'Plazen um Podium hannert dem Vainqueur Oscar Piastri ze sécheren.

Weider Andréck vum Weekend zu Zandvoort

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 HEINEKEN DUTCH GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025