
Aston Martin huet de Kontrakt mat béide Pilote verlängert. Dat heescht och 2027 wäerten de Lance Stroll an de Fernando Alonso am gréngen Auto sëtzen.
De Fernando Alonso huet sech déi lescht Wochen a Méint net an d'Kaarte kucke gelooss, wéi et mat senger F1-Karriär viru geet. Virum Grousse Präis vu Barcelona am Juni huet hien déi éischte Kéier haart iwwert e Récktrëtt nogeduecht, an ugedeit, dass hie spéitstens 2028 beim nächste Barcelona-GP wuel net méi dobäi wier. Den duebele Formel-1-Weltmeeschter (2004 a 2005 mat Renault) erlieft grad eng schwiereg Saison. Den Aston Martin a virun allem den Honda-Motor sinn net op der Héicht vun der Konkurrenz. Den Alonso konnt dëst Joer eréischt zweemol Punkte sammelen (Monaco a Zandvoort), a läit an der Tabell ofgeschloen op Plaz 19.
Ee Récktrëtt hätt ënnert deenen Ëmstänn déi mannste verwonnert. Mee d'Leidenschaft fir Course ze fuere war wuel méi grouss: “Ech si wierklech frou, een neie Kontrakt mat Aston Martin ënnerschriwwen ze hunn. Ech hu mir Zäit gelooss, mee Coursefueren ass mäi Liewen, meng Passioun, an ech weess, dass ech nach d’Vitess an d’Determinatioun hunn, fir mech der Competitioun op héchstem Niveau ze stellen. Ech hu mech laangfristeg beim Team engagéiert, an ech wëll hëllefen, dass mir eis Ziler erreechen.”, gëtt de Spuenier am Communiqué vun Aston Martin zitéiert.
De Fernando Alonso, deen am Juli seng 45 Joer gefeiert huet, gëtt 2027 déi 24. Saison an der Formel 1. Hien huet säin F1-Debut 2001 mat Minardi gefeiert. Weider Etappen a senger Karriär ware Renault, McLaren a Ferrari. Hien ass 440 Coursse gefuer, dat entsprécht 119’124 Kilometer. Keen anere Pilot huet méi Coursse respektiv Kilometer um Tacho. Dobäi huet hien 32 Victoire gefeiert a stoung 106 mol um Podium
Fir de Kanadier Lance Stroll ass d'Nouvelle vu senger Vertragsverlängerung keng grouss Iwwerraschung, ëmmerhin huet hien als Fils vum Teampropriétaire Lawrence Stroll quasi e CDI. Fir de Stroll gëtt et déi 11. Saison an der Formel 1, an déi 7. beim Aston-Martin-Team. Seng beschte Placéierung an der Weltmeeschterschaft war Plaz 10 am Joer 2023.
