Am September 2024 schonn hat Alpine d’Decisioun getraff, fir vun der Saison 2026 un net méi mat hirem eegene Renault-Motor un den Depart ze goen. Dat no bal 50 Joer an deene Renault, entweder als Motor-Partner oder mat enger eegener Ecurie, feste Bestanddeel vun der Formel 1 war. Vun dëser Saison u wäert déi Franséisch Ecurie mat Mercedes Motore starten, déi scho virum Start vun der éischter Course als Kandidat fir de beschten Undriff gehandelt ginn.
Den techneschen Direkter vun der Ecurie, den David Sanchez, ass begeeschtert vun der neier Zesummenaarbecht: “Natierlech hu mir elo méi elektresch Leeschtung an den neie Motoren, zanter datt mir d’Partnerschaft mat Mercedes fir 2026 agaange sinn. Et ass bis elo eng fantastesch Aarbecht fir an de leschte Wochen a Méint enk mat eisen neie Kolleegen zu Brixworth ze schaffen. Mir probéieren zesummen ze verstoen, wéi mir den neie Package maximiséiere kënnen.”
Virgestallt gouf den neie Motor zwar nach net, dofir awer den Design vum neie Bolid, mat deem de Pierre Gasly a Franco Colapinto an dëser Saison un den Depart solle goen. Zu Barcelona, op engem Croisière-Schëff, gouf d’Geheimnis vun der Lackéierung gelëft. D’Rad nei erfonnt, huet ee bei Alpine awer net, vill huet sech nämlech net am Verglach zum Rennwon vun zejoert gedoen. D’Faarwe sinn déi nämmlecht an och den Design insgesamt ass net wierklech geännert ginn.
Wat sech bei Alpine awer sécher ännere soll, dat ass d’Performance um Circuit. “Katastrophal” - dat Wuert beschreift déi lescht Saison vun der Ecurie warscheinlech am beschten. Et hat een d’Campagne op der leschter Platz vun de Constructeuren ofgeschloss. Vill ze dacks ass een net iwwer de Q1 ewech komm a sou war et komplizéiert, fir an de Course Punkten ze sammelen. Dat hat awer sécherlech och domadder ze dinn, datt Alpine sech fréi op 2026 konzentréiere wollt, sou hat een d’Saison zejoert relativ séier ofgeschriwwen.
Den Teamchef Flavio Briatore probéiert awer positiv an d’Zukunft ze kucken: “Mir ginn dat een nom aneren un. Mir wëssen net, wou mir an der éischter Course stoe wäerten, gewass wéi et um Enn vun der Saison wäert ausgesinn. D’Entwécklung wäert entscheedend sinn, fir als Ecurie dat bescht aus dem Package erauszehuelen, dat wäert den Ënnerscheed maache fir eise Succès. Mir wëssen, datt et ee laange Wee ass, mee mir sinn zouversiichtlech a positiv gestëmmt.”
Als Pilote mat dobäi si weiderhin de Fransous Pierre Gasly an den Argentinier Franco Colapinto. De Gasly war et, deen all Punkt vun den um Enn 22 an der Saison zejoert agefuer hat, wärend de Colapinto bis zum Schluss ouni Punkt bliwwe war.
Den Argentinier Colapinto ass awer zouversiichtlech, datt et dës Saison besser wäert lafen: “Ech weess, datt jiddereen an der Ecurie extrem motivéiert ass, fir eng gutt Saison ze fueren. Ech wëll an de Courssen am Ufank einfach sou vill wéi méiglech leieren an ech hoffen dat mir kompetitiv wäerte sinn.”
An och de Pierre Gasly ass optimistesch: “Ech setze mir elo keng Erwaardungen, mir mussen einfach dat ganzt Joer haart schaffen, fir dat bescht erauszehuelen. Ech si frou an optimistesch, mee och realistesch a mengen Ambitiounen.”
Eng éischte Kéier um Circuit war den A526, wéi den neien Auto vun Alpine heesche wäert, dann och schonn. Zu Silverstone war een de leschte Mëttwoch fir ee Shakedown ënnerwee, dat war dann och déi éischt richteg Première fir den neie Mercedes-Motor am neien Alpine Chassis.