
De Formel-1-Zirkus hat et dës Kéier wierklech net wäit. Vum Sepang International Circuit a Malaysia bis op de Marina Bay Street Circuit zu Singapur sinn et Loftlinn emol keng 300 Kilometer. An trotzdeem leie Welten tëschent béide Strecken. Singapur zielt zu de gréissten Torture fir Mënsch a Maschinn am ganze Formel-1-Kalenner. Et ass ee klassesche Stadcircuit, mat den obligatoresche Mauere riets a lénks, déi kee Pardon kennen. Knapp 5 Kilometer, 19 Kéieren, an dat e Sonndeg an der Course 62 mol um Stéck. Dat eleng wier scho puere Stress. Mee dann ass et zu Singapur och nach zimmlech waarm an extrem schmeier. D'Pilote kommen dëse Weekend definitiv un hir kierperlech Limitten, wéi den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl erkläert: "Et ass normalerweis déi längste Course vum Joer, well d’Vitess niddereg ass, an awer déi voll 300 Kilometer gefuer ginn. D'Piloten hu relativ wéineg Paus op deem Circuit, well d'Riicht net laang genuch sinn. Dat heescht, si si kierperlech gefuerdert, dat ganzt bei 30 Grad an héijer Loftfiichtegkeet."
Mee och déi ganz Mécanique iwwerhëtzt: Bremsen, Motor, alles wat un esou engem Formel-1-Auto waarm ka ginn, gëtt hei gliddeg. A well d'Vitesse relativ niddereg sinn, feelt et u Loft fir ze killen. Dëst Joer kënnt eng zousätzlech Belaaschtung dobäi: den Decalage. Deen ass zwar net nei, mee an der Vergaangenheet ass d'Formel 1 vun Europa respektiv vum Aserbaidschan direkt op Singapur gereest a well dat en Nuets-Grand-Prix ass, konnt de ganze Paddock einfach am europäesche Rhythmus bleiwen. Dëst Joer gouf awer Malaysia dotëscht geprafft, dat ännert alles, esou den Dominique Riefstahl: “D'Leit waren endlech akklimatiséiert, hate sech un den Dages-Nuets-Rhythmus vu Malaysia gewinnt, mussen awer elo erëm alles op d'Kopp geheien. Dat ass eng Schwieregkeet, déi net onbedéngt néideg ass. Wien allerdéngs am beschten domadder wäert eens ginn, ass de Valtteri Bottas. Deen ass nämlech mam Vëlo vu Malaysia op Singapur gefuer, deelweis och Nuetsetappe gemaach. Deen huet sech also och schonn un dee Rhythmus gewinnt, an en ass natierlech am beschte positionéiert, fir elo Héchstleeschtungen ze brénge bei deenen extrem haarde Wiederkonditiounen."
Mir woen awer emol ze behaapten, dass de Bottas mat sengem Cadillac net ëm d'Victoire matfiert. Mee wien ass Favorit dëse Weekend? De Verstappen well hie leschte Sonndeg a Malaysia gewonnen huet? Singapur ass ee schwaarze Fleck a sengem Palmarès: weder Pole nach Victoire fir den Hollänner. An esouguer den Ex-Sauber-Pilot Giovinazzi huet zu Singapur méi Féierungsronne gesammelt wéi de Verstappen (4 géint 3).
Historesch ziele Ferrari a Mercedes zu den erfollegräichsten Ecurien zu Singapur. Mee d'Italieener sinn dës Saison d'office eng Virwëtztut, a Mercedes rätselt nach ëmmer, wat hire grousse Malaysia-Update wierklech daacht. D'WM-Leader fueren dofir zu Singapur zweegleiseg, eng Approche, déi hire fréiere Mataarbechter Riefstahl lueft: "Et ass ee Sprint-Weekend, nëmmen ee fräien Training. Dat heescht, et si keng gutt Konditiounen, de Package nei ze evaluéieren, virun allem well s du dech fréi festleeë muss, wéi s du de ganze Weekend fiers. Mercedes huet do eng extrem pragmatesch Approche ausgewielt. Si setzen een Auto (Russell) op deen ale Package, een Auto (Antonelli) op deen neie Package. Da kënne se vergläichen an ëmmer nach ‘en fonction des conditions’ entscheeden, wéi ee vun deenen zwee dee beschten ass fir Singapur.”
Eppes ass dogéint sécher: eng WM-Decisioun wäert dëse Weekend nach net falen, och wann am leschte Sprint vun der Saison nach extra Punkte verdeelt ginn. Mee den Antonelli kéint seng Avance esouwäit ausbauen, dass hien an zwou Wochen zu Austin säin éischte Matchball huet.
Déi éischten Nuetscourse an der F1-Geschicht ass quasi direkt zum Klassiker ginn. Singapur ass dobäi e bëssen dee selwechten Deal wéi Monaco: Maueren, kaum Plaz fir z'iwwerhuelen an trotzdeem esou e Charme, datt een him dat all Joer erëm verzeit.
Mee d'Gefor zu Singapur sinn net d'Maueren. Déi gesäit een op d'mannst. Méi Perfides lauert onsiichtbar an der Nuecht: Hëtzt, déi sech am Auto staut a System fir System un d'Limitt dreift.
Bei ronn 30 Grad an héijer Loftfiichtegkeet ass d'Marina Bay eng Sauna fir den Auto. Well de Circuit verwénkelt an d'Duerchschnëttsvitess niddereg ass, kënnt wéineg Loft duerch d'Killëffnungen. Motor, Turbo, Bremsen an Elektronik produzéiere monter Hëtzt, kréie se awer kaum lass. Technesch gesinn ass et also eng Stau-Simulatioun, just mat 300 km/h tëschenduerch.
Besonnesch d'Bremse leiden. Déi vill Bremszonen dreiwen Temperaturen a Verschläiss no u physesch Grenzen. Och eng Attack op e Konkurrent kann dowéinst nëmmen temporär sinn: klappt d'Iwwerhuelen net, muss een dacks erëm Ofstand loossen, fir propper Loft ze kréien an den Auto ofzekillen. Näischt ëmschreift Racing hei esou schéi wéi: "Ech géif dech gär iwwerhuelen, mee meng Bremsen hu Féiwer."
Dobäi ass de Stroossebelag knubbeleg, also muss den Auto méi héich gestallt ginn. Ecurien, deenen hir Aerodynamik sensibel op d'Buedemfräiheet reagéiert, bezuelen dofir extra. Op d'mannst sinn Energie-Management a Setup manner komplizéiert: déi permanent Start-Stopp-Natur bitt vill Recuperatioun an déi vill änlech 90-Grad-Kéiere verlaange meeschtens déi selwecht Qualitéiten.
Singapur gesäit nuets fantastesch aus. D'Mauere fonkelen ënnert de Luuchten, d'Skyline am Hannergrond – an ënnert der Karosserie gëtt lues a lues alles well done. Mee all gudde Kach weess: do ass de Punkt scho laang verpasst.
