Formel 1 2026Éischt Biller vum neie Mercedes W17

Ben Schlammes
Zwou Woche virun der eigentlecher grousser Presentatioun liwwert Mercedes éischt Biller vum Design vum neien Auto, mat deem den George Russell an de Kimi Antonelli 2026 un den Depart goe wäerten.
Den neie W17 vu Mercedes fir d'Formel 1 Saison 2026
Den neie W17 vu Mercedes fir d’Formel 1 Saison 2026
© Mercedes-AMG PETRONAS F1 Team

Mercedes hofft nom grousse Changement vun de Reegelen op eng besser Zäit. En Donneschdeg de Moien huet Mercedes als drëtt Ecurie dës Woch hire Formel-1-Rennwon fir d’Saison 2026 virgestallt. Vu dass déi grouss Presentatioun réischt an zwou Woche stattfënnt, goufe just e puer offiziell Biller vum neie W17 verëffentlecht.

D’Lackéierung ass mat enger sëlwereger Nues, e puer turquoisen Téin an engem fir de Recht gréisstendeels schwaarzen Auto staark un där vum W16 vun zejoert orientéiert. D’Ecurie schwätzt vun enger “opfälleger” Lackéierung, déi e kéngt Statement fir Identitéit an Evolutioun setzt”.

Den neien F17 fir d'Saison 2026
Den neien F17 fir d’Saison 2026
© Mercedes-AMG PETRONAS F1 Team

Den Toto Wolff, Team-Chef an CEO vun der Ecurie, betount: “Déi nei Reegele verlaangen Innovatioun a volle Fokus op all d’Beräicher. Eisen neien Auto steet fir déi kollektiv Zesummenaarbecht vun eisen Ekippen zu Brixworth a Brackley. An den nächste Méint geet déi haart Aarbecht weider.”

Back to Top
CIM LOGO