Formel 1 2026Ferrari vertraut op vergaange Musteren

Ben Schlammes
Voller Enthusiasmus huet d’Scuderia hire Formel-1-Auto fir d’Saison 2026 präsentéiert. Den neien SF-26 vum Charles Leclerc a Lewis Hamilton erënnert vun der Lackéierung hir staark un déi beschte Jore vum Sebastian Vettel bei Ferrari.
Den neie Ferrari SF-26
Den neie Ferrari SF-26
© Scuderia Ferrari HP

Ferrari huet en Dënschdeg kuerz viru Mëtteg déi éischte Biller vun hirem neien Auto präsentéiert. Mam SF-26 wënsche sech d’Tifosi ee gudde gudde Start an déi nei Ära nom grousse Changement vun de Reegelen. D’Horror-Saison vun zejoert, an där d’Scuderia ouni Grand-Prix-Victoire just op Plaz véier bei de Konstrukteure gelant war, soll sou séier wéi méiglech vergiess ginn.

Den neie Rennwon vun der italieenescher Traditiouns-Ecurie ass vun der Lackéierung hir nees méi hellrout verkleet, an och déi wäiss Faarf ronderëm de Cockpit ass méi markant ginn. Den ënneschten Deel vum Auto ass, wéi an de leschte Joren och, schwaarz gehalen. Dës Kombinatioun gouf et bei Ferrari fir d’lescht an der Saison 2017, an där um Enn fënnef Victoiren an eng zweete Plaz am Klassement fir de Sebastian Vettel rausgespronge waren.

Den Team-Chef Frédéric Vasseur seet iwwer deen 72. Formel-1-Bolid vun der Scuderia: “Mir hu ganz vill Energie an dësen Auto gestach. Den SF-26 ass d’Resultat vun engem groussen Effort vun alle Bedeelegten a markéiert den Ufank vun engem komplett neie Wee.” Fir de 57 Joer ale Fransous ass et déi drëtte Saison als Team-Chef vu Ferrari.

De Charles Leclerc seet am Virfeld vu senger aachter Saison bei der Wierks-Ecurie: “Mir schaffe vill an haart am Hannergrond, mee um Enn zielt dat, wat um Circuit dobäi rauskënnt. Bei der neier Generatioun vun Autoen ass alles nei an doru musse mer eis mol gewinnen. Wann ee sech allerdéngs op säin Instinkt als Formel-1-Pilot verléisst, da klappt dat schonn. Eise Fans wëll ech soen, dass mer alles ginn.”

Och de Lewis Hamilton, deen a sengem éischte Joer bei Ferrari ouni Grand-Prix-Podium bliwwe war, geet positiv gestëmmt an dat neit Joer: “Dëst Joer kënnt et drop un, wéi e Pilot sech am séiersten un dat neit Konzept gewinnt a wien dee beschten Input gëtt, fir den Auto ze verbesseren. D’Erausfuerderung ass grouss a fir mech ass et een Dram, den Tifosi endlech eppes fir hire phänomenale Support zréckzebezuelen. Ech hoffe, dass mir ee staarkt Joer wäerten hunn.”

Op der Teststreck zu Fiorano sinn de Charles Leclerc an de Lewis Hamilton dann och schonn e puer Ronnen am neien SF-26 gefuer, fir den Tifosi en éischten Androck vun der neier Maschinn um Circuit ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO