F1-Saison 2026Grousse Réckschlag fir Williams

Serge Pauly
D’nächst Woch sinn zu Barcelona déi éischten Tester mat den neien Formel-1-Autoen – ouni Williams. D’Pilote Sainz an Albon verpasse wichteg Testkilometer.
© NICOLAS ECONOMOU/NurPhoto via AFP

2026 ass alles nei: nei Reegele fir de Chassis, nei Reegele fir Aerodynamik, nei Reegele fir den Undriff. Dofir huet d’Formel 1 dës Saison am Ganzen dräi Testwochen ugesat – déi éischten dovunner ass besonnesch fréi ugesat. Schonn d’nächst Woch kënnen d’Ecurien hir nei Constructiounen zu Barcelona wärend fënnef Deeg intensiv testen.

Elo huet Williams op de soziale Reseaue matgedeelt, dass si fir Barcelona net prett sinn.

© X/Atlassian Williams F1

D’Entwécklung vum neien FW48 hätt ze vill Retard, an d’Traditiounsecurie wéilt sech elo léiwer dorobber konzentréieren, den Auto nach ze verbesseren. Alternativ huet d’Ecurie selwer ee Circuit gelount, fir bei engem sougenannte Filmdag op d’mannst en 200-Kilometer-Funktiounstest z’absolvéieren. Williams géif sech awer op d’Tester am Bahrain (11. bis 13. respektiv 18. bis 20. Februar) freeën, heescht et ofschléissend.

Dës Annonce ass e grousse Réckschlag fir Williams a seng zwee Piloten Alexander Albon a Carlos Sainz. Hinne wäerten extrem wichteg Testkilometer mam komplett neien Auto feelen. D’lescht Joer war Williams mat Tabelleplaz 5 bei de Constructeuren a mat den Tabelleplazen 8 an 9 bei de Piloten nach eng vun de grousse positiven Iwwerraschungen.

Et ass iwwregens net déi éischte Kéier, dass Wiliams net fir den Testoptakt prett ass. Schonn 2019, wou d’Écurie ganz schlecht dru war, huet een déi éischt Wantertester verpasst.

Back to Top
CIM LOGO