
No den éischte beweegte Biller vu Cadillac bei hirem Shakedown de leschte Freideg, war et e Méindeg de Mëtten déi zweet amerikanesch Ecurie Haas, déi éischt Biller vun hirem neie VF-26 verëffentlecht huet. Anescht wéi bei Red Bull, déi bis elo nëmmen d’Lackéierung op engem Show-Auto gewisen haten, huet Haas direkt Biller vum richtege Bolid fir d’Saison 2026 publik gemaach.
Am Vierdergrond stinn och bei Haas d’Changementer bei de Reegele fir déi nei Saison. Den neien Auto ass méi kleng wéi nach zejoert, wat d’Autoe méi liicht an agil soll maachen. Och d’Pneue si méi kleng ginn. De Motor bleift dogéint och 2026 dee vu Ferrari.
Den Ayao Komatsu, Team-Chef vun der Ecurie, bewäert de Start an déi nei Era esou: „Et fillt sech e bësse surreal un, den Auto esou fréi am Joer ze presentéieren, mee awer net manner spannend virun der neier Saison, grad elo mat de ganzen Ännerungen am Reglement. D’Zäit um Circuit a Spuenien an am Bahrain wäert immens wichteg ginn an et wäerten Erausfuerderungen op eis duer kommen, mee dat ass wat eis gefält un der Formel 1.“
Wat d’Lackéierung ubelaangt, setzt ee weiderhin op déi nämmlecht Faarwen. Haas huet sech allerdéngs dofir decidéiert, e puer schwaarz Akzenter vum leschten Auto mat wäisser Faarf ze ersetzen. Och déi rout Akzenter sinn elo nach méi prominent vertrueden.
Fir d’Saison 2026 bleift déi amerikanesch Ecurie hiren zwee Pilote vum lescht Joer trei. De Britt Oliver Bearman an de Fransous Esteban Ocon wäerten erëm fir Haas un den Depart goen. Béid Piloten hate sech virun allem an der zweeter Hallschent vun der leschter Saison gesteigert a vum positiven Trend bei Haas profitéiert, vir direkt e puer mol an d’Punkten ze fueren. Performancë wéi déi véiert Platz vum Oliver Bearman zu Mexiko-City wëlle se bei Haas dëst Joer sécherlech widderhuelen.