
E Freideg de Mëtteg huet sech de Max Verstappen d'Sprint-Pole beim Grousse Präis vu Singapur geséchert. De Red-Bull-Pilot start domat e Samschdeg am Sprint virum George Russell an dem Charles Leclerc. De WM-Leader Antonelli geet dobäi just vun der siwenter Positioun un den Depart.
Tëschenduerch war de Start vum SQ2 ëm e puer Minutten no hanne verréckelt ginn, well et Probleemer mam Chronometrage gouf. D'FIA huet dowéinst d'Zäiten aus dem SQ1 nach eemol misse kontrolléieren, et konnten awer keng Feeler fonnt ginn.
Den Depart vum Sprint e Samschdeg ass ëm 11 Auer moies. Dir kënnt e wéi gewinnt op RTL ZWEE an am Stream um RTL Play suivéieren.
Am SQ1 hu sech direkt all d'Piloten op de Circuit gemaach, fir keng Zäit ze verléieren. Net laang huet et allerdéngs gedauert, bis de Giele Fändel a kuerz drop dann de Roude Fändel gewise gouf. Grond dofir war de Sergio Perez, deen an der Kéier 5 mat sengem viischte Fligel an d'Bande gerannt ass. Hie konnt sech zwar selwer nees an d'Rulle bréngen, ma well hien um Circuit ze vill Deeler leie gelooss huet, misst d'Session ënnerbrach ginn.
Wéi d'Luucht nees op Gréng gesprongen ass, war et bei villem Trafic de Max Verstappen, deen d'Beschtzäit fuere konnt. Net an den SQ2 gepackt hunn et de Sergio Perez, Carlos Sainz, Valtteri Bottas, Alexander Albon, Gabriel Bortoleto a Lance Stroll.
Den SQ2 ass dann ouni Stéierung verlaf an um Enn vun dëser Session ware mam Charles Leclerc a Lewis Hamilton béid Ferrari-Piloten déi Séierst. Net duergaangen ass et fir den Oliver Bearman, Esteban Ocon, Franco Colapinto, Fernando Alonso, Liam Lawson a Pierre Gasly.
Mat de Soft-Pneuen ass et fir d'Top10 an déi lescht aacht Minutte vum Sprint-Qualifying gaangen. Um Enn sollt sech de Max Verstappen mat enger immens staarker Ronn an enger Zäit vun 1:31.156 Minutt d'Pole fir de Sprint sécheren. Hannendru starten an der Top10 de Russell, Leclerc, Piastri, Norris, Hamilton, Antonelli, Hadjar, Hülkenberg a Bortoleto.