Formel 1No 9 Joer gëtt nees a Malaysia gefuer

Tom Hoffmann
Dominique Riefstahl
De Grousse Präis vu Bahrain gëtt dëse Weekend ausnamsweis net an der Wüüst, mee am tropesche Malaysia gefuer. Wéinst der aktueller Situatioun am Mëttleren Oste gouf de Grand Prix op de legendäre Sepang International Circuit verluecht.
2017 ass zu Sepang fir d'lescht Formel 1 gefuer ginn.
2017 ass zu Sepang fir d'lescht Formel 1 gefuer ginn.
© ANTONIN VINCENT/DPPI via AFP

Formel 1 Bahrain Grand Prix a Malaysia - Reportage Tom Hoffmann

Zanter 2017 gouf hei kee Grand Prix méi gefuer. Zu Sepang waarden op d’Piloten héich Vitessen, séier Kéieren an e Wieder, dat zu all Moment fir eng Iwwerraschung suerge kann. Et ass Reen fir dëse Weekend annoncéiert. Um Mediendag war de Paddock en Donneschdeg de Moien éischter naass wéi dréchen. Eng gutt Ofkillung bei den aktuell dach héijen Temperaturen a Malaysia. Dowéinst bitt de Circuit fir eise Formel-1-Expert Dominique Reifstahl och déi eng oder aner Erausfuerderung.

“De Schweess evaporéiert net, et gëtt engem ëmmer méi waarm, wann d'Kärtemperatur vum Kierper iergendwann aus dem Rudder geréit, kënnt se och net méi zeréck. Da kënnt d'Pneuendegradatioun dobäi. Wann déi héich ass, mussen d'Pilote méi geréieren, hunn et deementspriechend kierperlech gesinn e bësse méi einfach an de séiere Kéieren. Wann d'Degradatioun niddreg ass, da kënne se vill méi laang pushen an dann ass et kierperlech vill méi schwéier, well se einfach méi aktiv sinn.”

Dëse Weekend ass aus der Nout gebuer. Op der Etikett vun dësem Grand Prix steet zwar Bahrain, mee gefuer gëtt a Malaysia. 9 Joer ass et hier, dass um Sepang International Circuit eng Formel-1-Course gefuer gouf. Un e grousse Comeback am Kalenner gleeft awer keen.

“Natierlech, wann d'Course elo extreem spannend verleeft an dësen Auto dem Circuit gutt entgéint kënnt, ass dat en Argument, fir ze soen, et kann een de Grand Prix eventuell nach eng Kéier an d'A faassen. Gläichzäiteg, de Grand Prix ass virun 9 Joer aus dem Kalenner verschwonnen. Säitdeem gouf et ni Gerüchter, dass e sollt zréckkommen. Et ass also onwarscheinlech, dass en e Comeback feiert. Et hu genuch aner Circuite scho fest Kontrakter fir déi nächst Joren. Et kommen d'nächst Joer schonn zwee Circuiten erëm zréck, mat Portimao an Istanbul. Dofir gesinn ech einfach net d'Plaz, fir Sepang erëm an de Kalenner opzehuelen. Mee wéi gesot, et muss een ofwaarden, wat dëse Weekend geliwwert gëtt. Vläicht kann dat déi eng oder aner Meenung änneren.”

D'Mercedes-Pilote Kimi Antonelli an George Russell bewonneren hir nei Helmer.
D'Mercedes-Pilote Kimi Antonelli an George Russell bewonneren hir nei Helmer.
© ALBERTO VIMERCATI / ALBERTO VIMERCATI / DPPI VIA AFP

D'Konkurenz kënnt Mercedes ëmmer méi no. Red Bull stoung zu Baku mat zwee Piloten um Podium an huet den aktuelle Leader an der Konstrukteursweltmeschterschaft ferm ënner Drock gesat. Evident gëtt et awer net, fir aus eegener Kraaft eng Victoire ze feieren.

“Natierlech ass et net onméiglech, wa Mercedes oder eng aner Ecurie um falsche Fouss erwëscht gëtt, dass Red Bull direkt déi éischt sinn, déi kënne vun deem Feeler profitéieren, an awer sinn ëmmer erëm Circuiten, déi deem engen oder deem aneren Auto besser leien. Ech erwaarden dofir, dass zum Beispill och zu Las Vegas Red Bull warscheinlech erëm gutt ausgesäit. Menger Meenung no huet Ferrari zu Baku under-performt, McLaren hat e Circuit, deen hinnen net onbedéngt läit. Ech gesinn allerdéngs elo nach kee Grond ze soen, dass Red Bull et aus eegener Kraaft packt, nach eng Course ze gewannen.”

Den George Russell huet déi lescht Course gewonnen an domat de Réckstand op säi Mercedes-Teamkolleeg Kimi Antonelli vun 81 op 66 Punkte verkierzt. Et kann ee gespaant sinn, ob de Russell zu Sepang weider Punkten op de WM-Leader ophuele kann oder ob den Antonelli zeréck schléit.

De Circuit ass preparéiert, d'Formel 1 ka kommen. De Reen och.
De Circuit ass preparéiert, d'Formel 1 ka kommen. De Reen och.
© ANTONIN VINCENT / ANTONIN VINCENT / DPPI VIA AFP

Den Dominique erkläert: de Singapur International Circuit

Malaysia ass waarm. Net "Europa dëse Summer“-waarm, mee esou waarm, dass souguer d'Schweessdrëpsen an dat Wäisst vum A selwer och nach schweessen. An dobäi ass et fiicht genuch, datt ee sech heiansdo freet, ob een nach duerch Loft fiert oder schonn duerch Waasser.

Technesch gesinn ass Sepang e bësse ewéi Barcelona: e Circuit, deen alles am Sortiment huet.

D'Kéieren 1, 2 an 9 si lues, kniwweleg a verlaange gutt Traktioun. Bei 8, 11 a 14 gëtt et beim Ubremsen technesch méi komplizéiert, well an der Kéier schonn ugebremst gëtt. Den Auto muss dobäi stabil bleiwen, obwuel d'Heck ausräisse wëll. An da kommen nach 5, 6 a 7, wou bei héijer Vitess den aerodynameschen Appui vum Auto gefrot ass.

En Auto, deen hei séier wëll sinn, muss alles kënnen: lues bis séier Kéieren, Traktioun, Bremsstabilitéit an eng propper Aero-Balance opweisen. An als Belounung ginn et zwou Riichter, déi laang genuch sinn, datt een och tatsächlech iwwerhuele kann, amplaz 20 Ronnen de selwechte Spoiler ze studéieren.

A well dat alles anscheinend nach ze berechebar wier, gëtt et zu Sepang ëmmer de Risiko vu staarkem Reen. Net „vläicht brauche mer Intermediates“-Reen. Éischter „wou ass d'Streck hin?“-Reen.

Mee no 56 Ronnen an där fiichter Hëtzt, mam Overall, deen um Kierper pecht wéi en naassen Duschrideau an enger Ënnerbox voller tropeschem Mikroklima, kléngt op eemol souguer d'Wüst am Bahrain wéi eng Wellness-Oas.

De Sepang International Circuit a Malaysia.
De Sepang International Circuit a Malaysia.
© Mercedes-AMG PETRONAS F1 Team

Back to Top
CIM LOGO