Fënnef Joer ass et hier, datt ee sech bei Red Bull dozou entscheet hat, an der Formel 1 mat engem eegene Motor un de Start wëllen ze goen. Dës Rees huet elo mat der Presentatioun vum neie Motor DM01 zu Detroit an den USA hire virzäitegen Héichpunkt erreecht. Dat a Kooperatioun mat Ford Racing. Benannt ass den neie Motor nom Dietrich Mateschitz, dee Red Bull 1984 gegrënnt hat, 2005 an d’Formel 1 gefouert hat an 2022 gestuerwe war.
Verroden huet dat den neien techneschen Direkter vum Projet “Red Bull Ford Powertrains”, de Ben Hodgkinson: “Fir elo endlech de Moment erreecht ze hunn, fir den neie Motor virstellen ze kënnen, bedeit mir an den Honnerte vu Leit, déi vill Passioun a Stonnen an dëse Projet investéiert hunn, immens vill.” “Mir hu mam Dietrich sengem Dram gestart an d’Leit hei zu Milton Keynes hunn e Realitéit gi gelooss. Et ass een onbeschreiflecht Gefill, de Projet elo kënnen zu Detroit mat Ford ze presentéieren.”
Zil vu Red Bull war et vun Ufank un, den neie Motor mat Ford fir d’Saison 2026 fäerdeg ze stellen. Dat hat virun allem mat den neie Reegelen ze dinn, déi vun dëser Saison u gëllen. Ongewëss ass allerdéngs wéi Red Bull an hir Schwëster-Ecurie Racing Bulls mam DM01 op de Circuiten uechter d’Welt ofschneide wäerten. No der leschter Saison, wou d’Ecurie vu Red Bull dach awer dacks mat hirem Auto ze kämpfen hat, géif hinnen e Motor, dee gutt funktionéiert sécherlech an d’Kaarte spillen, fir McLaren unzegräifen, an awer bréngt dëse Schratt vu Red Bull vill Risike mat sech. Déi leschte Kéier, datt hire Partner Ford an der Formel 1 ënnerwee war, ass ëmmerhin schonn 22 Joer hier, deemools nach mat Jaguar Racing.
Sécher ass dogéint, wéi d’Lackéierunge vun den zwee Bolide vu Red Bull a Racing Bulls am Joer 2026 ausgesi wäerten. Dës goufen nämlech och zu Detroit virgestallt.
Red Bull, déi an de leschte Joren ni mat groussen Ännerungen un hiren Designs opgefall waren, ginn dobäi een anere Wee. Den neie Look soll u méi klassesch Lackéierunge vu Red Bull erënneren. Och ass den Auto elo net méi matt, mee et huet ee sech fir ee blénkegen Design decidéiert.
Fir de Laurent Mekies, CEO an Teamchef vu Red Bull, war dëst genau de richtege Schratt: “Et ass ëmmer ee spezielle Moment déi nei Lackéierung fir d’éischte Kéier ze gesinn. Mir wäerte spektakulär ausgesinn um Circuit. Dëst ass eng nei Era fir eis als Ecurie, mir wollten dat den Design dat och verkierpert.”
D’Racing Bulls wäerten dogéint mat enger relativ änlecher Lackéierung wéi nach zejoert un de Depart goen. Et bléift een dem wäisse Look mat bloen Akzenter trei.
Wat d’Pilote vu béiden Ecurien ubelaangt, goufen et no der leschter Saison och e puer Ännerungen. Fir Red Bull geet nieft dem véierfachem Weltmeeschter Max Verstappen elo de Fransous Isack Hadjar un de Start. Deen hat sech bei de Racing Bulls zejoert fir méi héisch Aufgabe prett gewisen. De Yuki Tsunoda wäerte mir dogéint 2026 just nach als Reserve-Pilot vu Red Bull am Paddock gesinn.
Dem Isack Hadjar seng Platz nieft dem Liam Lawson bei de Racings Bulls iwwerhëlt den Arvid Lindblad. Zanter 2021 ass hien am Red Bull Junior Team an no nëmmen enger Saison an der Formel 2 hat ee sech bei Red Bull decidéiert, dem just 18 Joer jonke Pilot eng Chance an der Kinneksklass ze ginn. Den Arvid Lindblad wäert 2026 den eenzege Rookie, sinn deen an der Formel 1 un den Depart goe wäert.